
Den Inclusioun-System zu Lëtzebuerg léisst nach ze wënschen iwwreg. Dat seet d'Martine Kirsch, d'Presidentin vun der a.s.b.l. "Zesumme fir Inclusioun".
Déi haten e Mëttwoch dann och hir Generalversammlung. Nei Regionaldirektiounen, nei Inclusiounskommissiounen an och déi nei Kompetenzzentren als Ersatz vun der fréierer Ediff. Keng vun dëse Mesuren hätt d'schoulesch Inclusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen däitlech verbessert, seet d'Martine Kirsch.
Mat den neie Kommissiounen, déi iwwert d'schoulesch Inclusioun vun de concernéierte Kanner decidéieren, ginn d'Problemer schonn un. Do wäre ganz wichteg Persounen net dran, virop d'Eltere vum Kand, kritiséiert d'Presidentin vun "Zesumme fir Inclusioun", d'Martine Kirsch.
An nodeems d'Rapporte vun der Kommissioun bis virleien, da géife vill Eltere sech reegelrecht ënner Drock gesat fillen, well d'Kanner ganz dacks an d'Spezialschoul orientéiert géife ginn, kritiséiert d'Martine Kirsch.
En neien Trend wär eng partiell Aschoulung. Deels géifen d'Kanner hir Schoulstonnen an der normaler Grondschoul verbréngen, deels eben an der Spezialschoul. Eng ideal Inclusioun wär awer déi, wou all d'Kanner, mat egal wéi enge Besoinen zesummen an der Schoul wären, esou d'Presidentin vun Zefi. Och mat den aacht neie Kompetenzzentre géife Schoulklassen entsoen, déi exklusiv fir behënnert Kanner wären, kritiséiert d'Martine Kirsch. Den Educatiounsminister Claude Meisch ass awer dogéint, d'Spezialschoulen elo all zouzemaachen, dat well dëst ee Schratt wier, dee jidderee momentan géing iwwerfuerderen, och d'Kanner. Iwwerdeems wéilt een den Elteren och net de Choix huelen, a wéi eng Schoul si hir Kanner schécken.

© Claudia Kollwelter/RTL
Der A.s.b.l. "Zesumme fir Inclusioun" wären awer an der Haaptsaach Eltere vu Kanner mat spezifesche Besoine bekannt, déi hiren Nowuess gär an der ''normaler'' Grondschoul géife gesinn. Dem Manktem u qualifizéiertem Personal do si sech awer souwuel Zefi, wéi och de Ministère bewosst. D'Martine Kirsch hëlt d'Léierpersonal vun de Grondschoulen an d'Responsabilitéit.
Hei kéint d'Léierpersonal sech jo am Viraus iwwert d'Stéierunge vum Kand informéieren an doriwwer eraus och Formatioune besichen, fir sech kënne mam Kand senge Problemer auserneen ze setzen.
An deem Punkt gëtt de Claude Meisch zou, dass een nach net all d'Méiglechkeete fir d'Inclusioun an de Grondschoulen exploitéiert hätt. Bis elo hätt een an der Haaptsaach d'Penurie geréiert, esou de Claude Meisch. Elo kéimen awer 150 spezialiséiert Persounen am Fundamental bäi.
