Asbl Digital Inklusioun: Computere fir Flüchtlingen

Computere flécken an dann erëm verdeelen - dat Ganzt mat a fir Leit, déi Aarbecht brauchen oder sech kee Laptop kënne leeschten.
Dat ass d'Iddi hannert der Asbl Digital Inclusion. Viséiert sinn hei ënnert anerem och Flüchtlingen. D'Majoritéit vun de Flüchtlings-Menagen hei zu Lëtzebuerg konnten duerch de Projet, mat recycléierte Computere versuergt ginn. Op 300m2 ass Plaz fir ënnert anerem e grousse Klassesall, an e grousst Lager fir déi ganz Ecranen a Computeren, déi solle reparéiert ginn.
Ugefaangen huet dat Ganzt allerdéngs um Späicher vum Patrick de la Hamette, deen IT-Ingenieur ass. D'Iddi ass him komm, wou hie 2 Flüchtlingen, déi selwer Ingenieure sinn, an engem Foyer besicht huet.
Iwwer 1.000 Computere goufen antëscht scho recycléiert a spéider verdeelt. Mee net nëmme Flüchtlinge profitéieren vum Projet, dat Nämmlecht bidde se och un, fir Leit déi beim Office sociale sinn oder sech aus anere Grënn kee Computer kënne leeschten. Bei der Ëmsetzung ass een och komplett als Sozial-Projet opgestallt.

8 Leit sinn zanter 2018 ugestallt. Et wier eng logesch Suite gewiescht, de Leit nodeems se e Computer kruten, och Couren unzebidden. Dat geet vu Basis-Coursen, iwwer Sprooche léieren mat Hëllef vum Computer oder och spezifesch Kure fir Fraen.
Am Mount ginn tëscht 50 an 100 Computere reparéiert an da verdeelt. Dat Nämmlecht soll elo och mat Smartphones geschéien. Fir der héijer Demande entgéintzekommen, ass een awer natierlech och ofhängeg vun Donen, also alen Laptoppen oder Smartphones, déi um Houwald erëm funktiounsfäeg kënne gemaach ginn.
Den Detail fannt der ënnert www.digital-inclusion.lu

Wéi gutt geet et de Flüchtlingen hei am Land wierklech?
Virun allem dat laangt Waarden op de Statut an d'Ongewëssheet ass eng enorm Laascht fir d'Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg.
Obschonn d'Vergaangenheet vun dëse Leit dacks immens traumatesch ass, spillt hir Situatioun hei an elo zu Lëtzebuerg och eng enorm Roll an hirer psychescher Gesondheet. D'Claudia Kollwelter huet mam Psychiater Dr Paul Hentgen geschwat, deen ënnert senge Patienten och Flüchtlingen huet.
Vun 3 Phasen schwätzt den Dr Paul Hentgen: Pré-Migratoire, Migratoire a Post-Migratoire. Dat, wat dës Leit erlieft hunn, ier se heihi koumen, ass meeschtens immens traumatesch.
Da géing ee jo mengen, datt d'Leit endlech ukomm wieren, se dat schlëmmst hannert sech hätten, wat awer fir déi Concernéiert dacks net de Fall ass.
Dat zum Deel, well se grouss Erwaardungen haten, ewéi si heihi komm sinn oder awer well si Saache versprach kruten, déi net esou ëmgesat konnte ginn.
Zu Lëtzebuerg leiden eng ganz Réi Flüchtlingen drënner, datt hire Statut iwwer Méint oder Joren net gekläert ass, wa se Demandeurs de protection internationales sinn, aus wéi enge Grënn och ëmmer.
Ewéi et vum Dr Paul Hentgen heescht, géing et deene Leit schlecht goen, well dës Situatioun sech immens laang an d'Längt zéie kann.
Nieft den 3 Phase schwätzt eng international, offiziell Agence awer och vun enger 4. Phas, dem Retour. Verschidde Leit wëlle jo och zréckgoen, wann et erëm sécher ass an hirem Land, anerer awer och net, déi dann awer zum Deel géint hire Wëllen zréckgeschéckt ginn.
Den Dr Paul Hentgen gesäit säi Rôle als Psychiater awer méi wäit, wéi just nolauschteren an ënnerstëtzt d'Leit och emol do, wou e kann aus dem Büro eraus.