Eng 60 Mini-Entreprisen, déi vu Lycéesschüler geréiert ginn, konnt ee sech e Samschdeg de ganzen Dag iwwer zu Bartreng ukucken.
Eng Initiative, déi vun der Associatioun "Jonk Entrepreneuren" lancéiert gouf, fir den Entrepreneuriat bei de Jonken nach besser ze promouvéieren.
Fir den Entrepreuneriat nach méi ze förderen, bidd d’Associatioun eng 11 edukative Programmen an de Schoulen un. An deem Kader kréien d’Schüler an d'Schülerinnen déi néideg Kompetenze mat op de Wee.
Mat der Staatsekretärin Francine Closener an dem Educatiounsminister Claude Meisch, waren e Samschdeg de Moie gläich zwee Regierungsmembere present. Si hunn dann och vun der Geleeënheet profitéiert, fir een Tour iwwert d'Stänn ze maachen a Produiten ze kafen.
D'Associatioun "Jonk Entrepreneuren" wënscht sech dann och, datt d’Beräicher Educatioun a Wirtschaft an Zukunft nach méi enk zesummeschaffen.