E Samschdeg den Owend huet sech géint 20.15 Auer en Auto op der Stréck tëscht Lampech an Zolwer iwwerschloen an ass um Daach leie bliwwen.

De Chauffer, deen eleng am Auto war, gouf zwecks Kontroll mat der Ambulanz an Spidol bruecht. Op der Plaz vum Accident waren den CIS Monnerech / Reckeng op der Mess, d'Ambulanz vum Asazzenter Déifferdeng an d'Police vum Déifferdeng am Saz.

E weideren Accident gouf et kuerz drop an der Stad am Boulevard Grande-Duchesse Charlotte. Hei waren zwee Ween net laanschtenee komm, dobäi gouf dem 112 no eng Persoun blesséiert.

Am Asaz hei: Stater Ambulanz an d'Beruffspompjeeën.