De Wanter ass zeréck - an Europa an och zu Lëtzebuerg. Vill Schnéi ass zwar net gefall, dofir ass et awer fatzeg kal.

D'Streedéngschter waren um fréie Sonndeg de Moien am Asaz, och wann op de meeschte Plazen, wéi z.B. um Waldhaff an zu Jonglënster, just e Flom Schnéi louch. Op anere Plaze louch es souguer nach manner, nämlech bal keen.

Déi eng oder aner Schnéiflack ass um Rescht vum Dag net auszeschléissen, et si Wolleken um Himmel an d'Sonn kann och duerchkomme bei kille -3 bis 1 Grad.

De Wand ass staark ënnerwee aus Nordoste mat maximal 60 km/h.

Aussiichten: Den Ufank vun der nächster Woch ass gréisstendeels frëndlech an dréchen. D'Temperaturen leien tëschent 0-4 Grad.

Et bleift also nach e bësse kal.