Wéi wichteg d'Wirtschaftsrelatioune mat Frankräich sinn, weist déi grouss Delegatioun vu 70 Lëtzebuerger Entreprisen, déi mat a Frankräich gereest war.

Déi groussherzoglech Koppel war op Invitatioun vum President Emmanuel Macron vun e Méindeg bis e Mëttwoch op Staatsvisitt a Frankräich. 3 Deeg laang goufen zu Paräis an och zu Toulouse déi wirtschaftlech Lienen tëscht béide Länner verdéift. Net ouni Grond war och eng Delegatioun vu ronn 70 Entreprisë mat dobäi.

Zum Ofschloss vun der Visitt gouf e Kooperatiounsaccord mat Airbus ënnerschriwwen an och direkt den éischten Dag vun der Staatsvisitt stoung ganz am Zeeche vun der staarker Relatioun tëscht Frankräich an dem Grand-Duché.

De Programm vun den dräi Deeg war natierlech gutt gefëllt, dorop stoungen ënnert anerem: e grousse Wirtschaftsforum mam Numm "France-Luxembourg: Plus que des voisins", e Gala-Dinner fir d'groussherzoglech Koppel am Elysée, en Tête-à-tête tëscht dem Premier Minister Xavier Bettel an dem franséische Premier Edouard Philippe, eng Visitt bei der Entreprise Airbus an dem nationalen Zentrum fir Weltraum-Etüden zu Toulouse an e Seminaire tëscht der franséischer an der lëtzebuergescher Regierung, fir déi nieft dem Xavier Bettel, dem Etienne Schneider, dem François Bausch, dem Pierre Gramegna an dem Corinne Cahen, déi schonn op der Plaz sinn, och nach den Nicolas Schmit, d'Carole Dieschbourg, de Marc Hansen an den Guy Arendt op Paräis koumen.

E Réckbléck op d'Staatsvisitt a Frankräich
Dräi Deeg laang war de Grand-Duc mat enger grousser Delegatioun aus Politik a Wirtschaft an eisem Nopeschland ënnerwee.

Mëttwoch: 3. Dag

Um drëtten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Frankräich war déi groussherzoglech Koppel, begleet vum Vize-Premier Etienne Schneider, zu Toulouse. No enger Visitt vum nationalen Zenter fir Weltraum-Etüden, engem Besuch an der Märei an engem kulturelle Stopp am "Quai des savoirs" goung et weider bei déi grouss Multinationale Airbus. Do huet Lëtzebuerg en Accord mam Fliger-Constructeur ënnerschriwwen, den dräi positiv Retoure fir de Grand-Duché soll hunn:

Éischtens huet Lëtzebuerg 5 nei Helikoptere bestallt, 3 fir de Militär an 2 fir d’Police. Zweetens solle Lëtzebuerger Betriber als Fournisseure fir Airbus matagebonne ginn an zu gudder Lescht leet Lëtzebuerg säin Knowhow mat Airbus zesummen, fir d'Recherche an d'Innovatioun virunzedréiwen an de Beräicher Cybersecuritéit, Weltraum- an Dronen-Technologien. Dofir investéiert d’Regierung iwwer 20 Milliounen Euro. 

VIDEO: 3. Dag vun der Staatsvisitt a Frankräich: Toulouse
De leschten Dag vun der grousser Staatsvisitt stoung och e Besuch bei Airbus zu Toulouse um Programm.
AUDIO: Leschten Dag vun der Staatsvisitt / Reportage Annick Georens

De Grand-Duc Henri huet fir den Ofschloss e positive Bilan gezunn. Eng vun de grousse Froen, déi während der Staatsvisite opgeworf gouf, war déi vun deene ville Frontalieren, déi all Dag bei eis an d'Land schaffe kommen. De Grand-Duc huet et eegenen Aussoen no begréisst, dass sech de Premier Xavier Bettel mat sengem franséischen Homolog Edouard Philippe zesummegesat huet, fir iwwert des Problematik ze schwätzen.

AUDIO: Bilan vum Grand-Duc (Extrait 1)

Wichteg am dem Kontext wier och dee grousse Seminaire inter-gouvernemental franco-luxembourgeois gewiescht, den eng éischte Kéier an där Form ofgehale gouf, fir verschidden Elementer ze diskutéieren, sou nach de Grand-Duc Henri. Des Staatsvisite hätt och dozou bäigedroen, fir d'Diversitéit vum Land ze weisen, wat op franséischer Säit ganz gutt ukomm wier.

AUDIO: Bilan vum Grand-Duc (Extrait 2)

Dënschdeg: 2. Dag

En Dënschdeg den Owend stoung eng Visitt vum Musée Rodin zu Paräis um Programm, wou grad d'Ausstellung "Steichen/Rodin: un dialogue" ze gesinn ass, iwwer d'Frëndschaft tëscht dem amerikanesche Fotograf mat Lëtzebuerger Originnen Edward Steichen an dem franséische Sculpteur Auguste Rodin.

VIDEO: 2. Dag vun der Staatsvisitt a Frankräich: Politik
Véier politesch Accorde goufen tëscht Frankräich a Lëtzebuerg ënnerschriwwen.

Virdru waren awer ewell gréisser Decisioune geholl ginn: 120 Milliounen Euro fir Mobilitéits-Infrastrukturen zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun, een Net-Duebelbesteierungsofkommes an een Accord fir d’Kooperatioun tëscht Unien an an der Wëssenschaft ze vereinfachen.

AUDIO: Staatsvisitt a Frankräich: Dag 2 - Reportage Annick Goerens

En Dënschdeg de Mëtteg war deen éischten "Seminaire inter-gouvernemental franco-luxembourgeois" ofgehale ginn, un deem och 8 Lëtzebuerger Minister deelgeholl hunn an deen och an Zukunft soll organiséiert ginn, fir d’Kooperatioun tëscht den Nopeschlänner ze verbesseren an ze verdéiwen. Et goufen deemno ganz konkret Avancë gemaach, lueft de franséische Premier Edouard Philippe an huet d'Beispill vum Accord, deen ënnerschriwwe gouf iwwer den Echange vu Studenten tëscht béide Länner, ginn.

En zweete Punkt, deen d’Lëtzebuerger Politiker natierlech ëmmer nees uschwätzen, war d’Fermeture vum Atomkraaftwierk zu Cattenom. Wa Frankräich sech dofir decidéieren géif, dann hätt de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel eng ganz konkret Propos. An zwar fir e grousse Park fir erneierbar Energie zesumme mat der Noperen aus Däitschland a Frankräich op d'Been ze stellen. Domadder wëll ee Frankräich weisen, wa si decidéieren, fir manner Atomenergie ze produzéieren, datt si dobäi op den Noper aus Lëtzebuerg kënnen zielen.

240 Millioune fir d’Stroossen z’entlaaschten, dat war een anert konkret Resultat vun dëser Reunioun. 120 Millioune fir béid Säiten. Dovunner zweemol 110 Milliounen eleng fir den Zuchreseau auszebauen, erkläert den Transportminister François Bausch. Esou hätt een eng modern Streck tëscht Diddenuewen an der Lëtzebuerger Gare.

Et hätt een deemno net der franséischer Demande noginn, fir Suen z’iwwerweisen oder sech um Ausbau vun der Autobunn A31 ze bedeelegen. Déi groussherzoglech Koppel war iwwerdeems op Visitt bei der Paräisser Buergermeeschtesch, am franséischen Senat an duerno an der Académie française.

Méindeg: 1. Dag

E Méindeg war den Optakt vun der Staatsvisitt vun der groussherzoglecher Koppel a Frankräich. Nieft den offiziellen Zeremonië stounge virun allem d’Wirtschaftsrelatiounen am Fokus.

VIDEO: 1. Dag vun der Staatsvisitt a Frankräich: Wirtschaft
Den 1. Dag vun der Staatsvisitt vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Theresa stoung ganz am Zeeche vun der staarker Relatioun tëscht béide Länner.

De Grand-Duc Henri an d’Grande-Duchesse Maria Theresa goufen an deem Kader vun enger vun de gréisste Wirtschaftsdelegatioune begleet, déi et bis ewell gouf. Iwwer 70 lëtzebuergesch Entreprisen haten e Méindeg de Mëtteg nämlech op engem Wirtschaftsforum an der franséischer Chambre de Commerce Deel geholl.

AUDIO: Staatsvisitt a Frankräich: Dag 1 - Reportage Annick Goerens

D’Zil dovunner war et, nei Lienen tëscht Lëtzebuergeschen an Franséischen Entreprisen z’etabléieren a ganz besonnesch d’Zesummenaarbecht an 3 Domainer virun ze dreiwen an ze verdéiwen. Déi wären d’Logistik, kreativ Industrien an audiovisuell Produktioun an d‘digital Wirtschaft, erkläert den Direkter vun der Lëtzebuerger Chambre de Commerce Carlo Thelen. Et ass wichteg, fir sech driwwer z'informéieren, wat bei den Nopere leeft.

Op dem Wirtschaftsforum gouf dann och een Accord signéiert tëscht der "Chambre de commerce et d’industrie" vun Paräis an der Lëtzebuerg Chambre de Commerce. Dobäi geet et virun allem ëm een Austausch vun wirtschaftlechen an juristeschen Informatiounen. Donieft wäerten och nach eng ganz Partie aner Accorde während dëser Staatsvisite tëscht Entreprise signéiert ginn, esou de Wirtschaftsminister Etienne Schneider. Dorënner fält de Plang, fir zesummen eng Zuchlinn à Richtung China ze plangen.

VIDEO: Gala-Dinner zu Paräis
E Méindeg den Owend war de groussen Empfang vun der Lëtzebuerger Delegatioun... An do war vill Prominez vertrueden

E Sonndeg den Owend waren de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse mam TGV op der Gare de l'Est ukomm, wou si vun der Lëtzebuerger Ambassadrice Martine Schommer empfaange goufen.

Déi lescht Staatsvisitt a Frankräich ass schonn eng Zäitchen hier a war am September 1978. Deemools goufen de Grand-Duc Jean an d'Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte vum franséische President Valéry Giscard d'Estaing a senger Fra empfaangen.

VIDEO: Staatsvisitt a Frankräich - Feierlechen Empfang
Déi groussherzoglech Koppel ass vun e Méindeg u fir eng 3 Deeg laang Staatsvisitt a Frankräich.

Et wunnen eng 10.000 Lëtzebuerger am Hexagon an ëmgedréint wunnen iwwer 44.300 Fransousen zu Lëtzebuerg a representéieren domadder déi zweetgréisst auslännesch Communautéit, no de Portugisen. 2017 war och dat Joer, wou fir d'éischte Kéier zanter de 60er Joren, mat ronn 4.000 Leit, méi franséisch Staatsbierger am Grand-Duché ukomm si wéi portugisescher. Donieft schaffen all Dag iwwer 91.000 franséisch Frontalieren zu Lëtzebuerg, deemno ass et vu Virdeel, wa béid Länner wichteg Froen ënnereneen diskutéieren. Dozou gehéieren d'Mobilitéit, d'Infrastrukturen, den Télétravail a Steierfroen.

Visitt vum Incubateur "Station F"

Mat Lëtzebuerger Knowhow: Eng Start-Up, fir sexuelle Mëssbrauch an Krichszonen ze reperéieren, an eng Start-up, fir Bierger virun Naturkatastrophen ze warnen

Op 34.000 Meter Carré an enger rekonvertéierte Gare gëtt et zanter leschtem Joer zu Paräis ee sougenannten Incubateur fir Start-up-Entreprisen. An dee war en Dënschdeg den Owend Haaptbestanddeel vun der Staatsvisitt vun der groussherzoglecher Koppel. Ee kreativen Espace, an deem och eng Lëtzebuerger Entreprise aktiv ass a Start-Uppen ënnerstëtzt, déi ee sozialen Impakt hunn.

AUDIO: Staatsvisitt: Incubateuren / Reportage Annick Goerens

Rieds ass vun InTech S.A. eng Societéit vum Grupp "Post Luxembourg", déi de jonke Start-up-Entreprisen hir Expertise a puncto Informatik an nei Technologien zur Verfügung stellen, esou de Generaldirekter Fabrice Croiseaux.

Eng vun dëse Start-Uppen heescht "We are not weapons of war", déi versicht mat enger App sexuelle Mëssbrauch a Konfliktzonen ze reperéieren an den Affer ze hëllefen. D’Co-Fondatrice Céline Bardet, datt et zwee Prinzipie ginn. Éischtens solle Leit, déi an de Konfliktzonen an esou eng Situatioun geroden, datt via App kënne mellen a mat Partner op der Plaz, Dokter a Psychologen, dann de Leit kënnen ze hëllefen. Et zweete Volet ass dann, datt ee mat der App Preuve ka verschécken, fir datt virum internationale Geriichtshaff kann eng Plainte gemaach ginn.

Eng aner Start-Up, déi vun der Lëtzebuergescher Entreprise InTech S.A. berode gëtt, heescht HAND "Hackers Against Natural Disasters", de Fondateur Gael Musquet erkläert eis, datt een präventiv d'Leit viru groussen Naturkatastroph wëll warnen, esou datt schonn am Virfeld gehandelt ka ginn geholl ginn oder Leit kënnen evakuéiert ginn. Aktuell schafft een nach u Prototyppen, déi an Zukunft sollen hëllefen, Katastrophen virauszegesinn an esou Liewen ze retten.

Den Incubateur zu Paräis gëtt deene jonke Betriber mat neien innovativen Iddien deemno net just eng Plaz fir hire Projet ëmzesetzen, ma stellt hinnen och déi néideg Beroder un d’Säit, fir dës mat Succès ze realiséieren.

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen

COMMUNIQUÉEN

Signature d'un accord de coopération administrative en matière de détachement de travailleurs et de prévention du travail non déclaré ou faussement déclaré (19.03.2018)

Communiqué par: ministère du Travail, de l'Emploi et de l'Économie sociale et solidaire À l'occasion de leur entrevue bilatérale du 19 février 2018 à Paris, la ministre du Travail de la République française, Muriel Pénicaud, et le ministre du Travail, de l'Emploi et de l'Économie sociale et solidaire, Nicolas Schmit, s'étaient accordés d'intensifier leur coopération mutuelle en matière de détachement de travailleurs.

Suite à cet engagement, les deux ministres vont procéder à la signature d'un accord de coopération administrative lors du séminaire intergouvernemental franco-luxembourgeois qui aura lieu le mardi 20 mars 2018 en marge de la visite d'État du 19 au 21 mars 2018 à Paris.

Cet accord a pour objet d'organiser la coopération renforcée entre les deux pays dans la lutte contre les fraudes en matière de détachement transnational de travailleurs dans le cadre de prestations de service internationales ainsi que la lutte contre le travail non déclaré ou faussement déclaré.

Entrevue de Jean Asselborn avec la Ministre chargée des Affaires européennes, Nathalie Loiseau, à Paris (19.03.2018)

Communiqué par: ministère des Affaires étrangères et européennes

Dans le cadre de la Visite d'État en France de son LL.AA.RR., le Grand-Duc et la Grande-Duchesse, le ministre des Affaires étrangères et européennes du Luxembourg, Jean Asselborn, a rencontré le Président Emmanuel Macron au Palais de l'Élysée et s'est entretenu avec la Ministre chargée des Affaires européennes, Nathalie Loiseau.

L'entrevue des ministres a été l'occasion d'avoir un échange de vues sur la préparation du prochain Conseil européen, ainsi que sur les grands dossiers de l'actualité européenne, notamment le retrait du Royaume-Uni de l'UE, la politique commerciale européenne, le développement de l'Europe sociale, le cadre financier pluriannuel de l'UE post-2020 et le respect de l'Etat de droit au sein de l'UE.

Se félicitant de l'étroite concertation bilatérale en matière de politique européenne, le ministre Asselborn a confirmé la participation du Luxembourg au processus de consultation citoyenne sur l'avenir de l'Union européenne. Cette initiative, lancée par le Président Macron, vise à inviter les citoyens européens à exprimer leurs espoirs et leurs attentes vis-à-vis de la construction européenne.

A la veille du Conseil des Affaires européennes consacré au retrait britannique de l'UE, les deux parties ont également eu un échange sur l'état des lieux des négociations de retrait en cours et surtout le projet d'orientations sur le cadre des futures relations avec le Royaume-Uni.

S'agissant du futur cadre financier pluriannuel, le ministre Asselborn a dit partager la vision d'un budget européen ambitieux qui assume l'émergence de nouvelles priorités.

En ce qui concerne la dimension sociale de l'UE, domaine qui a connu des progrès significatifs ces derniers mois, notamment avec la proclamation du pilier social de l'UE et la révision de la directive sur le détachement des travailleurs, le ministre Asselborn a fait valoir que le Luxembourg, tout comme la France, s'engage pour des valeurs de progrès et d'équité sociale.