Betriber solle méi verantwortlech handelen
International Betriber musse vill méi an d'Fliicht geholl ginn. Datt verlaangen 13 Organisatiounen, déi fir sech Mënscherechter an Ëmweltschutz asetzen.
Gefuerdert gëtt eng gesetzlech "Suergfaltsflicht", sou datt Entreprisen ugehale ginn, opzepassen, datt Mënscherechter an d'Natur op de Produktiounsitten agehale ginn. Dofir solle Betriber sech op onofhängeg Etüden aloossen a vill méi preventiv denken.
De Jean-Louis Zeien vu Fairtrade rifft d'Regierung an d'politescht Parteien op, méi exigent ze si mat den Entreprisen. All Entreprise soll préiwen, wat d'Suitte si vun hiren Aktivitéiten am Beräich vun de Mënscherechter.
Grouss Betriber gi gären domadder un: Mat PR-Aktioune stelle si hir sozial Responsabilitéit an d'Vitrinne. Mä no bannen hin ass d'Bild dann net sou roseg, soe Vereenegungen, déi sech fir Mënsch an Ëmwelt abréngen. Wéi dacks gouf et schonns Schlagzeilen a Skandaler mat Textilfabricken an Asien, déi onwierdeg Aarbechtskonditiounen hunn oder mat och Palmuelegplantatiounen an Afrika, wou sech erausstellt, datt Ofholzen, Landnahm an Zwangsaarbecht bedriwwe gëtt.
Domadder soll Schluss sinn, soen ONGen an dofir mussen och Länner hei an Europa Verantwortung iwwerhuelen.
13 Organisatiounen, zu deene Fairtrade, Greenpeace, oder och Action Solidarité Tiers Monde hu sech elo also zesummegedoen. Si verlaangen eng gesetzlech Suergfaltsflicht. "Un Devoir de vigilance"nenne si dat op Franséisch. Lëtzebuerg soll deemno fuerderen, datt international Betriber, déi hei hiren Setz hunn an deemno och steierlech Avantagen genéissen, sech u méi streng Virschrëften mussen halen. An dat fir negativ Auswierkungen op Mënsch an Ëmwelt ze vermeiden.
De Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade, rifft d'Regierung an d'politescht Parteien op, méi exigent ze sinn. A erënnert mat engem Aenzwénkern un de Slogan vun der Regierung, fir d'Land ze vermaarten: „Let's make it happen Lëtzebuerg. Let's make it happen mënschenrechtlech Suergfaltsflicht. Betriber sollen préiwen, wat hir Aktivitéiten fir Folgen hunn“
Konkret géit dat bedeiten, datt sech Entreprisen op eng Rei präventiv Mesuren aloossen. D'Antoniya Argirova vun Action solidarité tiers monde erkläert: „Mir wëllen dat en onofhängegt Kontrollorgan agesat gëtt. A wa Mënschereschter net agehale ginn, da soll et och Sanktioune kënne ginn.“
Hir Virstellungen hunn d'Organisatiounen elo de politesche Parteien, esou wéi dem Ausseministère ënnerbreet. Gehofft gëtt, datt Virschléi am Kader vun engem neien Aktiounsplang fir Wirtschaft a Mënscherechter agebonne ginn. A Saache Konfliktmineralien huet d'EU-Parlament jo schonns éischt Schrëtt gemaach. An dofir wëllen d'Organisatiounen zouversiichtlech sinn, datt eng méi gerecht Welt méiglech ass.