D'Situatioun vun de Kanner a Jugendlechen ass zanter 15, 20 Joer am Gaang sech ze verschlechteren, dat ass d'Analyse vum Kannerpsycholog Gilbert Pregno.

Dat am Kontext vun der aktueller Diskussioun iwwer Aggressiounen a Gewalt an der Schoul an de Betreiungsstrukturen. D'Zuel vun de Kanner, déi onglécklech sinn oder Verhalensstéierungen hunn a vun Elteren, déi net méi eens ginn, hätt zougeholl. De Kannerpsycholog a Familljentherapeut féiert dat op Entwécklungen am jonke Kandsalter zréck. D'Politik hätt et bis ewell nach net fäerdeg bruecht, d'Kand a senger Globalitéit z'erfaassen.

AUDIO: Interview:Kannerpsycholog Gilbert Pregno/Rep. Claude Zeimetz

D'Politiker géifen nëmmen d'Schoul an neierdéngs och d'Friembetreiung traitéieren. Se hätten awer nach net matkritt, datt e klengt Kand am meeschten tëscht 0 an 2 Joer léiert, kritiséiert de Gilbert Pregno an dat am beschte par Rapport zu enger Bindungsfigur, déi haut net méi onbedéngt do ass. De Gilbert Pregno ass der Meenung, dass Elteren hautzedaags esou vill verschidden Interessien hunn, dass d'Erzéiung keng Prioritéit méi ass, e Kand kéint awer net ouni Bindung opwuessen.

An dee Bindungsdefizit géif sech vill méi spéit bemierkbar maachen. Fir déi Entwécklung ze stoppen, misst d'Plaz vum Kand an der Gesellschaft nees vill méi an de Mëttelpunkt réckelen, sou de Gilbert Pregno. An enger Gesellschaft déi kanner- a bindungsfrëndlech wier.

Den Direkter vun der Eltereschoul confirméiert déi vill Stëmmen a Kloe vum Léierpersonal, Erzéier an Elteren iwwer d'Leed bei de Kanner. Op déi misst gelauschtert ginn. D'Gewalt wier wuel dat opfällegst Thema, mä nëmmen eent vu villen. Fir de Gilbert Pregno sinn och déi Kanner, déi méi roueg an depressiv sinn, een Thema.

Elo géif an der Wahlcampagne sécher nees iwwert d'Kanner an déi Jugendlech geschwat ginn, ma d'Diskussioune géife sech, do ass sech de Kannerpsycholog sécher, eenzeg an eleng ëm déi schoulesch Reussite dréinen. De Gilbert Pregno seet, et misst een d'Bedingunge kucken, déi geschaaft gi sinn, fir dass d'Eltere kënnen no hire Kanner kucken oder wéi d'Bedingunge sinn, wann d'Kanner friem-betreit ginn.

Politik huet de Problem erkannt, et soll een net dramatiséieren

© Claude Zeimetz

D'Patricia Heck hat op hire Facebook-Post ganz vill Echo krut. Den SNE fuerdert, d'Suergen eescht ze huelen, fir net mam System riicht an d'Mauer ze lafen.

"Komme mer just mat engem bloen An dervun?" Ënnert där Iwwerschrëft suergt den Ament e Facebook-Post a Lieserbréif iwwert d'Gewaltbereetschaft an de Betreiungsstrukturen an an der Schoul fir gréisser Diskussiounen. D'Chargée de direction vun der Maison Relais zu Reiler bei Klierf wollt mam Schreiwes, wéi si selwer geschriwwen huet, hir Verzweiflung an hir Roserei iwwert déi ablécklech Mëssstänn ausdrécken - an huet domat, wéi et schéngt, en Nerv getraff.

Bis e Méindeg de Mëtteg gouf de Bäitrag eng 1.400 Mol geliked a méi wéi 1.200 mol gedeelt. Den Artikel mam Text, dee RTL och als Lieserbréif krut an deen e Freideg den Owend spéit online gaangen ass, ass antëscht iwwer 30.000 Mol geklickt ginn, krut bal 70 Commentairen a gouf och op Facebook bal 300 Mol gedeelt. Mat hire Suerge steet d'Autorin vum Lieserbréif deemno net eleng do. Réckendeckung kritt si och vun der gréisster Enseignantsgewerkschaft am Fondamental, dem SNE, also dem Syndicat national des enseignants.

AUDIO: Gewalt an der Schoul: Rep. Claude Zeimetz

Dobäi huet d'Patricia Heck d'lescht Woch aus dem Bauch eraus reagéiert, wéi se op Facebook Fotoe vun engem Kand gesinn huet, wat an der Schoul geschloe ginn ass. D'Patricia Heck kënnt aus dem Secteur, ass zanter 4 Joer Chargée de direction an der Maison Relais zu Reiler bei Klierf an huet 24 Joer Erfarung an hirem Dramberuff, wéi se seet. Mä hir ass et einfach duergaangen:

"Ech hu geduecht, et kann dach net sinn, datt mir eis hei wierklech an de Maison-relaisen, an de Schoulen oder wou och ëmmer mussen aggresséiere loossen, verbal wéi och kierperlech an dass dann näischt geschitt, dass einfach keen dat wëll héieren a kee seet dat. Ech hu geduecht, mir sinn eleng hei mat Problemer, wat Aggressiounen ugeet, mä nom Post weess ech elo, datt ech dat elo net sinn an datt et wierklech am ganze Land ass."

SNE-President: Gewaltproblematik ëmmer méi grouss

Déi Duerstellung confirméiert och de President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE, de Patrick Remakel. De Syndicat national des enseignants ass den Ament wéi all zwee Joer uechtert d'Land op senge sougenannten "Regionallen" ënnerwee an och an de Permanencë maachen d'Enseignantë sech vill Suerge wéinst der Gewaltproblematik:

"Éischtens stelle mer fest, jo, d'Gewaltproblematik gëtt ëmmer méi grouss, déi gëtt et net nëmmen op verschidde Plazen, ma déi gëtt et duerch d'ganzt Land an och net nëmmen, wou sozial schwaach Verhältnisser sinn, ma gëtt et definitiv iwwerall. A wann ee bis zu där Konklusioun kënnt, da muss een och soen, jo, mir mussen eppes do dergéint maachen."

Et géif ëm Gewalt ënnert de Kanner a vun de Kanner géintiwwer dem Léierpersonal an aneren Erwuessene goen.

Zu Reiler an der Maison Relais, déi en Agrément fir 253 Kanner huet, dréckt sech dat, dem Patricia Heck no, esou aus: "Vun deene klenge Saachen, ech soen elo mol Mobbing, vun deem ganze Beräich schwätze mer guer net, well dat ass wierklech all Dag, all Dag, all Dag; aner Saache wéi schloen ass och all Dag, 't ass net ëmmer esou ganz dramatesch an awer hu mer ganz oft blo Aen, Krazen, d'Educatrice mam bloe Fleck ënnert dem Kënn, den Educateur, deen e bloe Fleck um Aarm huet, well en duerch d'Jackett gebass ginn ass - also vu bis ..."

Fir richteg ze reagéieren, wier een haut net adequat opgestallt, do si sech déi zwee eens. D'Patricia Heck fuerdert vum Ministère virun allem méi Personal. Ma domadder eleng wier et net gedoen, fënnt de Patrick Remakel vum SNE. D'Schoul bräicht sécher méi Moyenen, fir sech anescht kënnen opzestellen. Méi Experten, Educateuren a Sozialpädagogen, déi direkt bei Problemer agräife kéinten an och fir präventiv handelen ze kënnen. An da missten awer Léierpersonal an Elteren un engem gemeinsame Strang zéien.

De Patrick Remakel: "Ech mengen, et muss een och probéieren, duerch Campagnen, Elteren ze sensibiliséieren, datt et awer definitiv och hir Kanner sinn an och erëm Vertrauen ze kréien an d'Léierpersonal."

"... soss lafe mer mam System riicht an d'Mauer!"

D'Patricia Heck huet sech mat hire Suergen am Stach gelooss gefillt. Den SNE wäert d'Gewalt als een Haaptsujet a säi Fuerderungskatalog, deen de Syndicat national des enseignants un den Educatiounsministère an all d'Parteien en vue vun de Chamberwahlen schéckt, eranhuelen. D'Politik misst de Courage hunn, Léisungen ze fannen a sech déi Léisungen och eppes kaschten ze loossen. "Wa mer net bereet sinn, bei de Kanner e Pak Suen an de Grapp ze huelen, dann ass d'Politik selwer schold", sou de Patrick Remakel. Un de Ministère ass et dëse Message vum Patrick Remakel:

"Ech ka just nach nach eng Kéier un de Ministère appelléieren, datt déi Suergen, déi um Terrain sinn, a si sinn do, definitiv eescht geholl ginn, well soss lafe mer mam System riicht an d'Mauer.

Rendez-vous beim Educatiounsminister

D'Problematik vun der Gewaltbereetschaft an der Schoul respektiv de Betreiungsstrukturen ass och dem Educatiounsminister net friem. De Lieserbréif hätt hien un déi vill Gespréicher erënnert, déi hien an der Lescht mam Léierpersonal an den Elteren gefouert. Do wier den Ament grad d'Thema Nummer 1.  seet den Educatiounsminister.

De Claude Meisch warnt virun Dramatiséierung, an awer  et misst ee kucken wéi een deem Phänomen besser gerecht ka ginn.

AUDIO: De Claude Meisch (Extrait 1)

De leschte September hätten 59 "Instituteurs spécialisés" ugefaang. Dës Rentrée sollen der  61 bäikommen. De Claude Meisch verweist donieft op déi spezifesch Kompetenzzenteren. Wann de ganze Programm bis gräift wiere Schoulen a Maison Relais sécher besser opgestallt. Allgemeng wëll den Educatiounsminister net vu méi enger grousser Gewaltbereetschaft haut par Rapport zu fréier schwätzen. Et wieren Eenzelfäll, déi vun der Natur hir awer méi schlëmm sinn. Bei deene schlëmme Fäll, déi och dem Ministère Kappzerbrieches maachen, wieren d'Kanner wuel tëscht d'Mille vun der Gesellschaft komm a kommen dem schnell liewege Liewen vun den Erwuessenen net méi no.

Nieft der méi ugepasster schoulescher Offer, misst dowéinst och eng gesellschaftlech  Diskussioun iwwert d'Ursaache vun de Problemer vun dëse gefouert ginn. Heiansdo géif de Kanner einfach ze vill zougemutt ginn. Fir datt dat e Succès gëtt, missten onbedéngt och d'Eltere matschaffen. Ma wéi kann d'Politik si mat an d'Boot kréien? Dat géif just iwwert e permanenten Effort, sou de Minister.

Mir hunn hei drënner d'Commentairen, déi ënnert dem Lieserbréif vum Patricia Heck gepost gi waren, duplizéiert, esou datt ënnert dem Bréif an ënnert dësem Artikel een an deeselwechten Debat steet.