Dëst Joer war déi 8. Editioun vum Projet vum Fonds National de la recherche.

Beim Projet "Chercheurs à l'école" komme Fuerscher vum Terrain an d'Schoul, fir de Schüler ze weisen, wéi déi wëssenschaftlech Beruffer funktionéieren. 28 Schoulen hu sech gemellt, fir d'Fuerscher an hir Missioune kennen ze léieren.

Ganzer 76 Klassen huelen um Projet deel an 123 Fuerscher hu sech gemellt, fir de jonke Leit, de potentielle Fuerscher vu Muer, déi wëssenschaftlech Beruffer ze weisen an z'erklären. Am Lycée gesinn déi Jonk ganz dacks dat, wat Fuerscher aktiv um Terrain maachen, just theoretesch. Mat dësem Projet kann een hinnen dës Theorie awer nach méi no bréngen a se mat konkrete Beispiller méi verständlech a gräifbar maachen.

RTL

Ma Fuerschen heescht net gläich, datt een dat ganzen Dag am Labo oder virum Computer verbréngt. An enger Welt am wandel entstinn ëmmer nei Beruffsfelder an ëmmer nei Méiglechkeeten, fir effektiv ze fuerschen. A genau dowéinst ginn ëmmer nei Nowuesstalenter gebraucht.

De Projet gëtt ganz positiv vu Schoulen a Schüler opgeholl. Esou hu sech d'Zuel vun de Klassen, déi matmaachen, an de leschten dräi Joer méi wéi verduebelt.