2 maskéiert Täter hunn um Dënschdeg de Moien en Auerebuttek an der rue Philippe II iwwerfall. Et gouf och geschoss, mee dee Schoss huet kee getraff.

Iwwerfall um spéiden Dënschdeg de Moien op eng Horlogerie an der Philippesgaass an der Stad. Zwee maskéiert Täter sinn um hallwer 12 an d'Bijouterie gaang an hunn ëm sech geschoss.

Een Employé vum Buttek ass mat engem Taser liicht blesséiert ginn. D'Täter waren 1,75 bis 1,80 m grouss. Ee vun hinne war vum südlänneschen Typ, hat eng gro Mutz an eng schwaarz Jackett un.

VIDEO: Schoss gefall - Arméierten Iwwerfall op Horlogerie an der St
2 maskéiert Täter hunn um Dënschdeg de Moien en Auerebuttek an der rue Philippe II iwwerfall. Et gouf och geschoss, mee dee Schoss huet kee getraff.

Déi zwee Männer hu sech an enger éischter Phas engem schwaarze Renault Mégane mat franséische Placken dervu gemaach.

© RTL Télé Lëtzebuerg / Domingos Oliveira

Kuerz drop hu si um Boulevard Charles Marx zu Hollerech den Auto gewiesselt. Si sinn mat op d'mannst nach engem Kompliz an en däischteren 3er BMW Kombi geklomm.

Am Haff vun dësem Appartementshaus um blv Charles Marx hunn d'Täter de schwaarze Renault Mégane géint en donkelgrénge BMW getosch. / © RTL Télé Lëtzebuerg / Domingos Oliveira

D'Täter hu sech du mat dësem Auto duerch d'Bascht gemaach. Engem Zeien no fänkt d'Plackennummer mat „M" un.

Eng grouss Sichaktioun gouf lancéiert, ma géint 13.45 Auer nees gestoppt, obwuel d'Täter nach ëmmer net fonnt goufen.

Eventuell Zeie solle sech beim 113 mellen.

Iwwerfall op Horlogerie
Zwee Männer haten an der Stad eng Luxus-Boutique iwwerfall.