En Donneschdeg den Owend hunn Déi Gréng hir proposéiert Lëscht fir d'Chamberwahlen am Zentrum bekannt ginn.

Spëtzekandidate sinn de François Bausch an d'Sam Tanson. Domat hunn déi Gréng am Zentrum eng duebel Spëtzt fir d'Chamberwahlen de 14. Oktober. Richteg offiziell ass d'Lëscht awer eréischt den 30. Juni no hirem Nationalkongress, wann d'Lëscht ugeholl ass an de Programm virgestallt gëtt.

Weider Nimm op der Lëscht sinn de Carlo Back, de François Benoy, d'Djuna Bernard, d'Christa Brömmel, d'Gaby Damjanovic, d'Nora Forgiarini, d'Tanja Frank, de Charles Margue, d'Tilly Metz, de Roger Miller, d'Carole Ney, de Paul Polfer, d'Claire Remmy, de Jean-Paul Roeder, de Claude Schmit, de Roland Tex, d'Jessie Thill, den Yves Wagner an de Paul Zens.

Net méi fir déi Gréng an d'Wahlen geet de Claude Adam. Hie gëtt jo duerch d'Sam Tanson um Krautmaart ersat. Déi lescht ëffentlech Chamberssëtzung fir des Woch ass en Donneschdeg mat engem Hommage un den Deputéierte vun déi gréng an och den LSAP-Deputéierten Roger Negri op en Enn. Dëse souz während 14 Joer an der Chamber. Hie leet säi Mandat op den 1. Abrëll néier a gëtt vun der Simone Asselborn-Bintz ersat. Och de Claude Adam war während 14 Joer Deputéierten. Säi leschten Dag an der Chamber ass de 16. Abrëll.