Ween obdachlos an drogenofhängeg ass, gëtt dacks an den Structures d’accueil ofgewisen.

Fir dass dës Leit net mussen op der Strooss schlofen, gëtt et zanter 2012 iwwert der Fixerstuff den Nuetsasyl vun Abrigado. D’Monica Camposeo huet eng Nuetsschicht an der Struktur verbruecht an materlieft, wéi d’ Aarbecht vum Nuetsteam ausgesäit.

AUDIO: Abrigado/Laange Reportage vum Monica Camposeo


Fir an den Nuetsfoyer vum Abrigado eranzekommen, muss een nieft der Fixerstuff un enger eisen Dier schellen. Um 10 Auer owes empfänkt de Mohammed Bouchhard, Responsable vum Nuetsteam bei Abrigado, hei eng ronn 5 Männer, déi d’ Nuecht wëllen am Waarme verbréngen. Hie kennt si all beim Numm a gesäit seng Aufgab och doranner, de Problemer an Suergen vun de Leit nozelauschteren. Am Ganzen huet d’Struktur 42 Better, dovunner 12 fir d’Fraen. Bis Hallefnuecht dierfen drogenofhängeg Leit sech umellen. An dëser Nuecht kommen am ganzen 22 Männer an eng Fra an de Nuetsasyl.

Owes verbréngen d’Clienten vun der Struktur hir Zäit am Fëmmraum. Dobannen dierfen, anescht wéi an der Fixerstuff ënnenan, keng haart Drogen konsomméiert ginn. Just Zigaretten sinn erlaabt. Wat d’ Consommatioun an d'Gewalt dobannen ugeet, kennen de Mohammed a säin Team keng Ausnam. Wien sech net drun hält, gëtt och emol aus der Struktur verwisen.

Dacks ass et en Däiwelskrees, dee Mënschen ëmmer weider an den Drogekonsum eranzitt. Dat huet och de Mike erlieft, deen mat sengen Elteren op Lëtzebuerg komm ass, wéi säin Papp hei eng Aarbecht krut.

"Ech sinn am Vietnam gebuer, an Frankräich opgewuess an du mat mengen Elteren op Lëtzebuerg komm, wéi ech 20 Joer al war a mäi Papp hei eng Aarbecht bei der B.E.I. krut. Wou meng Mamm du gestuerwen ass, huet hie mech virun d'Dier gesat. De Problem ass, dass ech zwee Joer virum Bac mat der Schoul opgehalen hunn. Ech hunn keen Diplom an och keng Formatioun. Ech wollt mech amuséieren an elo sinn ech eben an dëser Situatioun."

Wéi de Mike kënnt och de Jérôme regelméisseg heihinner schlofen. Hien ass 33 Joer al an eng eegen Adresse hat hien fir d’Lescht virun 6 Joer.

"Ech hu mat mengen Elteren guer keen Kontakt. Ech si bei mengen Grousselteren opgewuess a wou mäi Bop du gestuerwen ass, ass et just nach biergof gaangen."

Hien huet nach Hoffnung, dass et an Zukunft besser lafe wäert.

"Ech kucken, fir esou séier wéi méiglech erëm an d'Klinik ze kommen, fir nees e Sevrage ze maachen. An dann eng Aarbecht sichen, eng Wunneng, RMG."

De Fränk ass 38 Joer al an huet scho véier Mol en Entzuch gemaacht. Och wann hien net drun gleeft, dass en esou séier vun den Droge fortkommen kann, wéilt hien an nächster Zäit eng Aarbecht fannen.

Wéi vill aner Clienten vum Nuetsfoyer, kommen och de Mike, de Jérôme an de Fränk regelméisseg heihi schlofen. Si sinn och dacks an der Fixerstuff ënnenan, déi nuets zou huet. Bis Hallefnuecht kënnen awer nach un enger vergitterter Fënster Sprëtze getosch ginn. Do gëllt: Fir eng gebrauchten Nol, déi een zeréckbréngt, kritt een och eng nei Nol. Dacks sammelen d’Clienten hir Sprëtzen an tausche se all mateneen, erkläert mir den Arthur Durrenbach, Éducateur gradué bei Abrigado. An dëser Nuecht huet den Arthur d'Fënster 102 Mol opgemeet, hie rechent mat ronn 40 Leit, déi bei him hier Sprëtzen getosch hunn.

"De But ass, dass si ëmmer proppert d'Material hunn, fir ze konsuméieren. Domadder wëlle mir verhënneren, dass sech Krankheeten verbreeden oder dass déi gebrauchten Nolen iwwerall an der Natur leien."

Um Hallefnuecht ass dem Arthur seng Schicht eriwwer. Vun elo un ass de Sprëtzentäusch just nach am Nuetsfoyer méiglech.

Géint 1 Auer moies gëtt et roueg dobannen, obwuel net jiddereen schlofe kann. Eng hallef Stonn dierfen d'Residente vum Nuetsfoyer erausgoen, wa si an der Nuecht konsuméiere mussen.  Wien awer ze spéit zeréckkënnt, dierf nët méi erakommen.

Kuerz viru 4 Auer wëll och de Jérôme den Nuetsfoyer verloossen. Nieft him am Zëmmer huet een probéiert, Heroin ze konsuméieren. Esou kéint hien net schlofen, seet en. Obwuel de Mohammed proposéiert, hien an en anert Zëmmer ze leeën, wëll de Jérôme léiwer goen.

De Mann, deen trotz kloren Regele versicht huet, an der Struktur ze konsuméieren, dierf déi nächst Nuechten net méi hei schlofen. Matzen an der Nuecht op d’ Strooss schécken, wollten den Mohammed an den Tom, en Infirmier bei Abrigado, hien awer nët.

Och wann ëmmer probéiert gëtt, op d’ Leit duerzegoen, ginn et e puer Virschrëften, un déi sech d’Clienten halen mussen. Ween dat net wëll oder vum Foyer verwisen ginn ass, schléift virun der Fixerstuff. Eng 10 Leit verbréngen dobaussen hir Nuecht a waarden, dass den Drogekonsumraum nees op mëscht. Fir si ass d’Struktur op der Diddenuewenerstrooss e festen Bestanddeel vun hirem Liewen ginn, eng Zort doheem.

Wann et an der Nuecht méi roueg ass, bereeden den  Tom an den Mohammed Tuten mat sterillem Material fir, déi dann am Dag an der Fixerstuff ausgedeelt ginn.

Um hallwer 7 moies geet den éischten Wecker. Dacks mussen den Mohammed an den Tom awer e puer mol hier Clienten erwëschen goen. De Mohammed bereet Kaffi an Téi fir, éier jiddereen d’ Struktur um 20 op 7 verloossen muss.

Den Arthur, de Mohammed an den Tom maachen hir Aarbecht aus Iwwerzeegung. Mat vill Respekt a Matgefill versiche si Mënschen eng Struktur am Liewen ze ginn, déi dës schn laang verluer hunn. Hir Sucht heelen, kënne Leit ewéi den Jérôme oder de Mike awer just selwer.