D'Arméi muss sech nei orientéieren an och erëm méi attraktiv ginn.

AUDIO: SPAL/Reportage Dany Rasqué

Dat huet de President vum  Professionelle Syndikat vun der Arméi op der Generalversammlung vum SPAL ënnerstrach. No 2020 misst een erëm mat zwee Féiss op de Buedem kommen.

D'Arméi misst hir Engagementer iwwerdenken an no 2020 e Gank zeréckschalten. Mat deene Effektiver, déi d'Arméi den Ament huet, géif een nämlech un d'Limitte kommen, warnt de Christian Schleck, de President vum Syndikat vun der Arméi. Et misst een de Leit erëm méi attraktiv Missiounen proposéieren a se missten och besser berufflech Perspektive gebuede kréien. Exklusiv Carrièren, valoriséierte Stage, ma och d'Carrière an der Arméi selwer stäerken.

Wat déi berufflech Perspektive betrëfft, huet de Syndikat vun der Arméi selwer schonn eng Rei Propose gemaach an -betount de Christian Schleck- et hat een och scho Kontakt mat anere Syndikater, wéi zum Beispill deem vun der Post oder vun de Giischtercher.
Carrièren, déi den Ament jo och iwwert den ziville Wee rekrutéiert ginn. Et misst der Wäert sinn, fir 3 Joer an d'Arméi ze kommen.

De SPAL verlaangt elo net, datt zum Beispill bei de Giischtercher oder bei der Post net méi iwwert den ziville Wee rekrutéiert gëtt, mä de Christian Schleck kéint sech virstellen, datt een iwwert de Wee vu Quoten fiert. Dat heescht, datt Zaldoten eng Garantie kréien, datt eng gewëssen Zuel vu Plazen fir si reservéiert ass an datt se och eng Rei Avantagen iwwert de Stage kréien.