Carole Dieschbourg an Etienne Schneider si sech weider net eens
An enger gemeinsamer Sëtzung vun 3 Chamberkommissiounen ass um Donneschdeg de Moien iwwert déi ëmstridde Jughurtsfabrick zu Beetebuerg diskutéiert ginn.
Déi gréng Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an de roude Wirtschaftsminister Etienne Schneider si sech weider net eens. D'Deputéiert goufen en Donneschdeg de Moien och net vum Projet vun der griichescher Jughurtsfabrick zu Diddeleng/Beetebuerg iwwerzeegt. Déi Lénk haten d'Reunioun vu gläich 3 Chamberkommissioune gefrot, si bleiwe skeptesch. D'CSV ass och net iwwerzeegt a gesäit kee Konzept. Déi Gréng weise sech ganz skeptesch a fir d'DP ass och nach net alles gekläert. No der Sëtzung ass also virun der Sëtzung.
Déi Gréng si méi wéi skeptesch, och d’CSV stellt sech vill Froen an erkennt keng Strategie an déi Lénk sinn elo nach méi beonrouegt wéi virun der Kommissiounssëtzung. Si haten déi ëmstridde Jughurtsfabrick, déi op Diddeleng/Beetebuerg soll kommen op den Ordre du Jour vun enger grousser Chamberkommissioun setze gelooss. D’Ministere Schneider an Dieschbourg hunn Erklärunge ginn - an hunn net fir Kloerheet gesuergt, sot dono den David Wagner vun déi Lénk. D’Stëmmung wär ganz ugespaant gewiescht. D'Regierung wier sech einfach net eens an de Wirtschaftsminister géif déi ganz Saach e bësse "flappseg" ugoen, sou den David Wagner. Dat wier och seng Attitüd an der Kommissioun gewiescht, an dat war net ganz agreabel. Ënnert de ville Saachen, déi nach net kloer wieren, wier z.B. de Punkt, ob et eng Ubannung un den Zuch soll ginn. Eng weider Fro war déi wou d'Mëllech iwwerhaapt kaf gëtt. Do wieren d'Aussoe vum Wirtschaftsminister a vun der Ëmweltministesch ënnerschiddlech gewiescht, woubäi den David Wagner der Meenung ass, dass d'Ëmweltministesch Recht hätt.
De Wirtschaftsministère hätt de Projet net richteg preparéiert. Den Etienne Schneider wonnert sech iwwert déi Kritik. Hie versteet och net, datt déi Lénk dogéint sinn, datt 200 Aarbechtsplaze géife geschafe ginn. Et misst een allgemeng wëssen, wéi eng Wirtschaft ee wéilt an dësem Land. Et wéilt ee keng Bréifkëschtefirme méi am Land, et wéilt een eppes dogéint maachen an dat wier och d'Politik vun der Regierung. Dofir hätt een de Betriber déi schonn zu Lëtzebuerg sinn un d'Häerz geluecht Substanz op Lëtzebuerg ze bréngen. Déi heite Firma géif déi lescht 2 Joer scho 60 Milliounen Euro Steieren hei zu Lëtzebuerg bezuelen, wat net wéineg Sue wieren, ouni ee Becher Jughurt ze produzéieren, sou den Etienne Schneider. Well ee souwisou eng nei Produktiounsanlag fir de Beneluxmarché an Däitschland géif brauchen, hätt ee gesot et kéint een déi jo zu Lëtzebuerg bauen. Et wär keng Chimie-Fabrick, déi wéilt op Lëtzebuerg kommen, näischt Grausames, wat een de Leit net kéint zoumudden.
Et wär kee Problem do fir d’Waasser ze liwweren. D’Firma géif eng eege Kläranlag bauen. D'Ëmweltaspekter missten natierlech respektéiert ginn, seet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider.
D'DP ass manner streng ewéi déi Lénk. Et wären nun emol economesch Interessien am Spill an ökologescher. Do misst an der Regierung e Konsens fonnt ginn, seet de Gusty Graas. Der DP géing och de Waasserverbrauch Suerge maachen, respektiv och d'Klärung vum Ofwaasser. D'DP géing dofir och verlaangen, datt an deem Punkt am Dossier nach nogebessert gëtt, sou de Gusty Graas.
D'CSV an de Laurent Zeimet vermëssen eng kloer Positioun vun der Regierung. Do wär een och en Donneschdeg de Moien net méi gewuer ginn. Et wär wënschenswäert, och am Interêt vun alle de Firmen, déi sech hei am Land wëllen néierloossen, datt si sech op eppes verloosse kënnen a se net an e prozeduralen Nirvana erastierzen, wou se herno net erauskommen, sou de Laurent Zeimet.
D’Diskussioune wär ganz ugereegt gewiescht, huet hirersäits d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg gemengt. Et wär eben e grousse Projet, deen een net all Dag um Dësch leien hätt an et wär noutwendeg, datt uerdentlech iwwert de Ressource-Verbrauch diskutéiert gëtt.
D’Kritik, datt et schlechten Nation-Branding wär bei potentiellen Investisseuren, wann zwee Ministeren sech net ganz eens sinn, léisst si net gëllen. Et wier ee konfrontéiert mat engem Verbrauch un Drénkwaasser, deen net onwiesentlech wier. Rieds ass vu Quantitéiten, déi soss eng ganz Stad am Süde vum Land verbraucht, an dat fir just 1 Fabrick. Dofir muss et do eng Diskussioun ginn. Et kéint een an deem Fall net just op d'Reputatioun kucken, mä et misst ee sech och dofir asetzen, dass een an Zukunft proppert Drénkwaasser huet.
D’Prozedur fir d’Jughurtsfabrick ass eréischt am Ufank a geet elo hiren normale Wee, deen net anescht wär wéi bei all anerer Firma, sou nach den Etienne Schneider. De Wirtschafts- an Ëmweltministère iwwerpréiwen, ob d’Firma d’Konditiounen erfëllt fir kënnen op Lëtzebuerg ze kommen – oder eben net.