Firma Jan de Nul zu Lëtzebuerg: Méi wéi eng Bréifboîte
Fir d'Firma Jan de Nul, déi vum Soir ernimmt gouf, schaffen zu Lëtzebuerg eng 100 Leit.
Dofir suergt zanter enger Rei Joren den Informatiounsaustausch.
De Finanzminister Pierre Gramegna wëllt d'Opreegung ronderëm den Artikel am belsche "Soir" net verstoen, an deem geschriwwe gouf, dass belsch Famillen iwwer 40 Milliarden Euro a Lëtzebuerger Gesellschafte stiechen hätten.
D'Fro un de Finanzminister Gramegna war, ob een dann iwwerhaapt mat enger Gesellschaft kéint Steieren optimiséieren. Steieroptimiséierung kéint een op vill Forme bedreiwen, woubäi dat Wuert selwer dem Minister net gefält. Et géif sou gemaach ginn, wéi wann d'Leit am Ausland just wéilte Steier optimiséieren. Dat wier nëmmen deels wouer. Si géingen dat och maachen, fir a Saachen z'investéieren a well zum Beispill d'Gestion de trésorerie zu Lëtzebuerg besser gemaach gëtt.
Zu engem klengen Deel wier dat mat der Steieroptimiséierung also wouer, confirméiert de Minister. De "Soir"-Artikel géing awer gréisstendeels net méi de Realitéiten entspriechen. Al Geschichte géifen nees opgewiermt ginn.
Do wier och näischt Illegales derbäi: Ee Kont oder eng Gesellschaft an engem aneren EU-Land opmaachen, wier dat Normaalst vun der Welt. Marché Unique heescht fräie Verkéier vu Wueren, Déngschtleeschtungen a Kapital an der EU, dat heescht all EU-Bierger dierf selwer wielen a wellechem EU Land e säi Kapital uleet a wou e wat fir eng Gesellschaft hält.
Et kéint ee jo net déi ganz Globaliséierung an Internationaliséierung vun der Wirtschaft nëmmen ënnert dem Bléckwénkel vun der Steieroptimiséierung gesinn.
Et wier och eng Fro vun der Fairness: An Europa sollte mer awer net bis an de leschten Detail Regelen opsetzen, wann dat am Rescht vun der Welt net géing gemaach ginn, esou nach de Pierre Gramegna.
Hei ass alles legal.
Dat ass awer grad de Problem, sot iwwerdeems den David Wagner vun déi Lénk am RTL-Interview.
Firma Jan de Nul
An der sougenannter Luxfiles Affair hat de Soir och déi Belsch Firma Jan de Nul zitéiert déi am Kontext vu Bréifboitegesellschaften hei am Land soll aktiv sinn. De Ben Frin huet bei der Firma nogefrot, wat dann hanner deene Behaaptunge stécht. Et dierf ee sech roueg froe wéi genau déi Belsch Journalisten da recherchéiert hu fir hiren Artikel, an dem Lëtzebuerg als Steiergaart fir d'Belsch bezeechent gëtt. An dem Kontext fënnt een am Artikel och d'Firma Jan de Nul, eng Firma, déi 85 Aarbechtsschëffer op de Weltmierer am Asaz huet, global 7'000 Leit beschäftegt, 500 dovu sinn hei am Land gemellt, dorënner ronn 100 Leit, déi hei am Siège schaffen an eng 400 Membere vun der Schëffscrew.
2 Milliarden Euro mécht d'Entreprise am Joer Ëmsaz, säin Haaptsëtz huet Jan de Nul zu Capellen. Hei steet e grousst Gebai, alles anescht wéi eng Bréifboîte. Den Direkter ass de Lëtzebuerger David Lutty, deen erkläert, dass ee vu Lëtzebuerg aus déi ganz Flott geréiert. Déi wier op der ganzer Welt aktiv.
Vun de 85 Constructiouns- oder Baggerschëffer fueren der 65 ënner Lëtzebuerger Fändel, ass dat do de steierlechen Avantage? Den David Lutty erkläert, dass de Lëtzebuerger Pavillon ee vun den deiersten an Europa ass. Malta an Zypern wieren do definitiv méi bëlleg. De Virdeel vu Lëtzebuerg wier deen, dass een eng Interaktioun hätt, d'Weeër kuerz sinn an een der Regierung séier kéint matdeele wann een en neit Schëff hätt. Et kéint ee konstruktiv sinn a pragmatesch an de Limitten.
Firwat stoung Jan de Nul dann am LuxFiles-Artikel vum Soir?
Den David Lutty äntwert op déi Fro, dass d'Informatiounen am Artikel net stëmmen. Et wier ee keng Bréifboîte, mä et hätt ee kloer Aktivitéiten zu Lëtzebuerg an och vill Leit hei schaffen. Et wier ee frou zu Lëtzebuerg ze sinn, och well een eng Ecoute hätt vun der Regierung, déi effikass kéint schaffen. Dofir hätt een d'Schëffer och zu Lëtzebuerg ugemellt. Well ee vill uechter d'Welt géif schaffen, bräicht ee vill double-text-Traitéen. Lëtzebuerg wier op deem Punkt ganz aktiv a géif hinnen och nolauschteren. Dofir hätt ee sech zu Lëtzebuerg investéiert, a sécher net fir obstrus Strukturen ze maachen, sou nach den David Lutty. Jan de Nul ass niewebäi och am Gaange bei Klierf eng Bréck ze bauen. Wie sech dat wëllt ukucken, fënnt d'Biller op Youtube ënner Jan de Nul, the Irbich Bridge.
Op d'mannst an dem heite Fall schéngen d'Journaliste vum belsche Soir ferm um Holzwee ze sinn a fir näischt mat Steng op eist Land ze geheien. Wa Jan de Nul keng Substanz hei am Land soll hunn, jo da muss awer emol een erklären, wat Substanz soll heeschen.