Zu Beefort huet een um Samschdeg den Optakt vun der Touristesaison gefeiert.

Dobäi gouf et fir déi zweete Kéier eng grouss Liichtshow, déi op d'Beeforter-Buerg, e Bauwierk aus dem 11. Joerhonnert, projezéiert gouf. D'Liichter waren dobäi op d'Musek ofgestëmmt.

VIDEO: Magic Castle Night
De Startschoss fir d'Touristesaison zu Beefort gouf et um Ouschterweekend

35.000 Visiteure goufen d'lescht Saison op der Buerg gezielt. Villes gëtt hei net nëmmen den Touristen, mä och den Eenheemeschen all Joer gebueden.  Mat der "Magic Castle Night" hunn d'Organisateuren nees de Goût vun de Leit getraff. Dëst war awer eréischt de Startschoss fir villes, wat dës Touristesaison nach zu Beefort ka kommen.