
De Sam Childers setzt sech an Afrika fir Weesekanner an. Am Südsudan huet hien zesumme mat senger Fra e Kannerduerf opgebaut.
2013 ass hie mam Mutter Theresa-Präis ausgezeechent ginn.
De Sam Childers war fréier e Kriminellen, als Member vun der Motorradgang Outlaws, ass hien dacks mam Gesetz a Konflikt komm. 1992 dunn huet hien d'Relioun fir sech entdeckt an decidéiert de Mënschen ze hëllefen. An Afrika huet de Sam Childers ugefaange sech ëm Kanner ze këmmeren an och net gezéckt, fir säi Kannerduerf mat Waffe géint d’LRA ze verdeedegen.
D'LRA, dat ass d'Lord's Resistance Army, déi duerfir bekannt ass, Kannerzaldoten anzesetzen. Well de Sam Childers sech mat der LRA ugeluecht huet, krut hien den Numm „Machine Gun Preacher“. Säi Liewe gouf mam Gerard Butler an der Haaptroll verfilmt.