Am Oktober wëll eng nei Partei mat an d'Chamberwale goen. D'FÖDP, dat steet fir Fräi Ökologesch Demokratesch Partei.
D'Partei gouf am September 2016 zu Esch gegrënnt a wëll bei den nächste Walen eng éischte Kéier untrieden.
Viraussiichtlech wäert ee just am Süden mat enger Lëscht dobäi sinn. De Slogan vun der FÖDP ass, déi gréng Alternativ fir eng alternativ Politik. Et gesäit ee sech dann och als Konkurrenz zu deene Gréngen, seet den National-President Ronald Mordiconi.
D'Zuel vun de Memberen ass den Ament nach relativ iwwersiichtlech, grad emol 20 Leit hunn aktuell eng Parteikaart. D'Memberen hunn zu engem gudden Deel eng politesch Vergaangenheet an anere Parteien.
D'Joana Fernandez geet nach an d'Schoul an ass Generalsekretärin vun der FÖDP. Déi jonk Fra seet, datt eng kleng Partei fir hier Memberen och Virdeeler hätt.
Am Oktober wëll ee mat an d'Wahlen goen. Den Ament gesäit et duerno aus, wéi wann ee just am Süden géing mat enger Lëscht untrieden.
D'Chamberwale solle virun allem dozou déngen, fir sech no baussen ze presentéieren. D'Leit sollen eis mol kenneléieren a gewuer ginn, fir wat mir stinn, seet den Nationalpresident.