De Projet soll am Summer 2020 op en Enn goen a wäert ronn 10 Milliounen Euro kaschten.

Zu Walfer, net wäit ewech vun der Gare, lafen ablécklech grouss Aarbechten.

Bis de Summer 2020 entsteet nämlech hei eng nei Ënnerféierung ënnert de Schinnen erduerch. Duerch de Bau vun engem Tunnel kann d'Barrière op dëser Plaz ewechfalen.

De 29. Januar dëst Joer hunn d'Aarbechten ugefaangen. 10 Milliounen Euro kascht de ganze Projet insgesamt.