Ee Camion hat seng Charge verluer an Direktioun Diddenuewen. De Stau ass zum Deel bis iwwert d'Gaasperecher-Kräiz ewechgaangen.

D'Ëmgéigend war nom Tëschefall ganz wäiss an d'A31 war fir eng hallef Stonn komplett gespaart. Ma dono gouf eng Spur opgemaach, fir dat den Trafic e bësse konnt fléissen. Wéi laang d'Botzaarbechten daueren, ass net gewosst.

Den Tëschefall huet fir grouss Problemer am Trafic gesuergt, datt och op Lëtzebuerger Säit, wou et quasi e Réckstau iwwer déi ganz A3 gouf an och nach Auswierkungen op d'A1 an A6 hat.

VIDEO: A31 a Wäiss
En Tëschefall op der franséischer A31 huet fir vill Problemer am Trafic gesuergt.

Wéi d'Kollege vu 5Minutes mellen, wier de Gros vun der Faarf op 100 bis 200 Meter verdeelt ginn. Op där Plaz wier esou vill Produit, datt ee méi laang bräicht, fir d'Strooss nees propper ze kréien.

Kuerz no 20 Auer krut de CITA d'Konfirmatioun vun hire franséische Kollegen, datt d'Streck nees komplett fir de Verkéier op wier, esou datt sech hei och de Verkéier kéint berouegen.

© itlf