Zanter e puer Wochen kann d'Gesellschaft reell mat un der Landesplanung schaffen.

Am Kader vum neie Programme directeur vun der Landesplanung, kuerz PDAT, ginn d'Leit a 4 regionale Laboratoirë gefrot, wéi si sech wënschen, datt d'Land sech entwéckelt. Mee wéi gesäit dee Prozess iwwerhaapt aus, wat geschitt an deene verschiddenen Labo'en? D'Claudia Kollwelter, wat selwer Participant am Zentrum ass, huet nogefrot.

AUDIO: Bierger a Landesplanung/Reportage Claudia Kollwelter

Bei der éischter vun am ganzen 3 Sessioune virun e puer Woche goufen et virop Informatiounen an Erklärungen iwwert de PDAT, dat engersäits vum Departement Landesplanung vum Nohaltegkeetsministère, awer och vun der Firma "The Impact Lab", déi sech op kollaborativ Prozesser spezialiséiert huet. D'Giny Laroche vun The Impact Lab erkläert, datt de Minister François Bausch en Deel vu sengem Pouvoir decisionel ofginn huet. Et géing net heeschen, dass d'Leit an de Laboratoiren elo den neie Programme directeur opsetzen, mee si géingen eng Basis schafen, dat heescht si géinge Recommandatiounen opstellen, fir d'éischt op regionalem an dono op nationalem Niveau. Op dëser Basis géing dann de PDAT geschriwwe ginn.

D'Leit sinn dunn a 5 Gruppen opgedeelt ginn, fir déi se sech jeeweils gemellt hunn, mat verschiddenen Themen, ënnert anerem Ressourcen, Cohésion sociale a Fonctions élémentaires.

Et ass an enger éischter Phas mol drëm gaangen, fir ze kucken, wéi d'Situatioun aktuell ausgesäit, wat positiv a wat negativ ass. Et ass diskutéiert ginn a mat Post its a Faarwe sinn déi verschidde Punkten op enger Kaart festgehale ginn. D'Diskussioune ware ganz divers, genee wéi d'Participanten. D'Leit waren a verschidden Alterskategorien agedeelt, de Prozess war ab 14 Joer op. Et huet een och probéiert déi gréisst méiglech Diversitéit u professionellen Hannergrënn ze fannen.

Et ass net eppes wat muer oder iwwermuer geschitt. Et muss ee sech froen, wéi een den Developpement vun eisem Land moyen à long term consideréiert, betount d'Giny Laroche nach. 2 weider Rendez-vouse stinn elo an de verschiddene Laboen nach op, ier an engem Marathon am Juli d'Recommandatioune vum ganze Land zesummegefaasst ginn.