A bestëmmte Fäll musse Laboen Ordonnancë refuséieren

Am Moment suergt e Schreiwes vun der Gesondheetskeess fir Opreegung. Heiranner geet et ëm de Refus vu medezineschen Ordonnancen a bestëmmte Fäll.
Déi nei Nomenclatur fir d'Laboen déi medezinesch Analyse maachen, suergt den Ament fir Opreegung am Secteur. Dokteschassociatioun AMMD krut e
Bréif vun der Gesondheetskeess
an d'Hänn, deen un d'Privatlaboen adresséiert an op den 2. Mäerz datéiert war. Doran geet et ëm bestëmmte Fäll, an deenen e Labo medezinesch Ordonnancë refuséiere muss. Dat wat d'Dokteren ze liese kruten, hat dës dozou beweegt d'Schreiwes public ze maachen.
Dat concernéiert Schreiwes war d'Geleeënheet déi Dokteschassociatioun hätt wëllen notzen, fir ze erkläre, wisou ee kategoresch géint en generaliséierten Tiers Payant ass, seet de President Alain Schmit. Et wär der AMMD wichteg gewiescht, dass de Public versteet, dass de generaliséierten Tiers Payant Aschränkunge bei de Prestatiounen als Konsequenz huet.
Fir genee ze verstoe, wat dann an deem Bréif stoung, freet een am beschten eng Persoun, un déi d'Schreiwes direkt adresséiert war. Den Direkter vun de "Laboratoires Réunis", de Bernard Weber, zum Beispill. Wann den Dokter Analysen ordonnéiert, déi d'Reegelen an der neier Nomenclatur, wat de Maximum vun Analysen ugeet, blesséiert, da misst d'Ordonnance vum Labo en bloc refuséiert ginn, erkläert de Bernard Weber.
Et géing net duergoe just déi Analysen ze refuséieren, déi ze vill verschriwwe gi wären. Dat wär natierlech dramatesch, seet de Bernard Weber: ''Do hätte mer bestëmmt pro Dag puer honnert Patienten déi mir missten zeréckschécke bei den Dokter.'' Iwwerdeems kéint dat dozou féieren, dass wichteg Analysen net direkt kéinte gemaach ginn. An dass d'CNS dem Dokter kéint virschreiwe, wat deen ze verschreiwen huet, esou de President vun de "Laboratoires Réunis" nach.
Et wäre keng Reegele mat finanziellem Hannergedanken, deemno keng Spuermesuren, seet op der anerer Säit de President vun der Gesondheetskeess Paul Schmit. Et géif drëms goen, iwwerflësseg Analysen z'evitéieren. Bref, et géif där Analysen, déi net méi zäitgeméiss wären, an déi a Kombinatioun mat moderne Methode kee Sënn méi maache géifen. An déi well d'CNS dann och net méi rembourséieren.
Déi nei Nomenclatur wär mat all de wichtegen Acteuren aus der Branche ausgeschafft ginn. Se ass jo eréischt den 1. Januar dëst Joer a Kraaft getrueden an sou géif et an dësem techneschen Dossier mat Sécherheet nach d'Méiglechkeet fir Changementer, esou de Paul Schmit nach. Et hätt een an Tëschenzäit och schonn nees Récksprooch mat de private Laboe gehat. De Bernard Weber confirméiert, dass d'Laboratoires Réunis eréischt d'virlescht Woch e Schreiwes kritt hätten, dass d'Konventioun tëscht der CNS an de Laboe géif applizéiert ginn an dass nëmmen déi Analysen net rembourséiert géifen, déi géint d'Reegele vun der neier Nomenclatur verstoussen. Mam generaliséierten Tiers payant sinn d'"Laboratoires Réunis" ënnert dem Stréch och zefridden.
Virun allem duerch déi administrativ Vereinfachung. Esou laang d'CNS den Tiers payant net als Drockmëttel géif benotzen, seet de Bernard Weber. Der Dokteschassociatioun an hirem President Alain Schmit bléift de generaliséierten Tiers payant en Dar am Aen. An d'Schreiwes wär de Beweis ewéi d'CNS d'Therapiefräiheet vun den Doktere menacéiere géif fir ze spueren.