Police-Job schwiereg, vill Verantwortung, net ëmmer genuch Unerkennung
Hie schwätzt am RTL-Interview wéinst den Tëschefäll leschte Mëttwoch zu Bouneweg an dem déidlechen Accident vun enger dramatescher Woch fir d'Police.
Et wär awer virun allem eng dramatesch Woch fir d'Familljen, d'Frënn, d'Kollegen an d'Aarbechtskollegen vum Polizist, deen ëm d'Liewen koum, an vun den deels ganz schwéier blesséierte Beamten, esou den Etienne Schneider.
All de Concernéierte wär séilesch Betreiung ugebuede ginn.
Regierung steet hannert dem Beamte vum Incident Bouneweg
D'Bierger hätten ëmmer manner Skrupel vis-à-vis vun den Autoritéiten, bedauert den Etienne Schneider. Leit géifen a Kaf huelen, e Polizist ze blesséieren. Et wär dramatesch, esou den Verdeedegungsminister. Wat de Polizist ugeet, deen op de Mann geschoss hat, deen duerno gestuerwen war, do géif d'Regierung hannert dem Beamte stoen.
Den Etienne Schneider huet nach betount, dass dës Regierung déi éischt wär, déi decidéiert hat, massiv Polizisten anzestellen. Déi vill jonk Beamten misst een gutt encadréieren.
Méi Videoiwwerwaachung ugeduecht
Fir de Bierger d'Gefill vun der Sécherheet ze ginn, géif een och drun denken, d'Surveillance mat Kameraen a "méi chaude Quartieren" ze verstäerken, esou de Minister.
Hei dat offiziellt Schreiwes vum Minister:
Message de condoléances du ministre de la Sécurité intérieure Etienne Schneider suite au décès d’un policier dans l’exercice de ses fonctions | |
| |
« Di Lëtzebuerger Police ass an déiwer Trauer. Mäin häerzlechst Bäileed fir d'Famill, Frënn a Kollegen vum Kommissär, deen am Déngscht em d'Liewe koum. Eis Gedanke sinn och bei senge blesséierten Aarbechtskollegen a virun allem bei der Beamtin, di mi schwéier verwonnt gouf. D’Fändele virun de Policegebaier stinn op Hallefmast. Di ganz Police steht haut enner Schock. Dofir sinn d’Solidaritéit bannent dem Corps an d’Solidaritéit vun der Populatioun mat der ganzer Police an dësem schwéieren Ament esou wichteg.» |