Um Méindeg de Moie koum et zu Esch géint 11.30 Auer zu engem schroen Aarbechtsaccident, bei deem e Mann mat sengem Aarm an eng Dréibänk geroden ass.

Et ass nach net gekläert, wéi et zum Accident komme konnt. Aarbechtskollegen hunn dem Affer direkt gehollef an d'Rettungsservicer kontaktéiert. De Mann koum mat schroe Blessuren an d'Spidol. E gouf no enger éischter Behandlung direkt weider an eng Spezialklinik op Homburg geflunn.

D'ITM ass an d'Fabréck déi Metall verschafft gefuer, fir den Accident z'ënnersichen. De Parquet gouf informéiert.