Accident op der Tréierer A1 Richtung Stad virun der Sortie Mënsbech ass geraumt. 4 Autoe waren am Coup.

Géint 10.20 Auer war den Accident geraumt. De Stau goung bis Mäertert.

Eng recommandéiert Deviatioun goung iwwer d'Sortie Potaaschbierg, iwwer d'N1 duerch Rued-Sir fir da fréistens zu Mënsbech nees op d'Autobunn.

© Domingos Oliveira/RTL