Weder e Communiqué, nach en Interview mat substantiellen Infoen

© Archiv RTL Télé Lëtzebuerg
Genee eng Woch ass et hier, datt matzen a Bouneweg geschoss ginn ass. An nach ëmmer läit keen detailléierten Interview um Dësch.
Bouneweg – dat ass nach ëmmer een eenzege Mystère.
Wat ee sécher weess, dat ass, datt e Polizist e Mann a sengem Auto erschoss huet. Ob de Polizist eleng geschoss huet oder och seng Kollegen? Kee weess et. Firwat de Mann am Auto kontrolléiert sollt ginn? Keng Ahnung. Wou déi ganz Saach ugefaangen huet? Op der Diddenuewener Strooss oder eréischt an de Quartieren zu Bouneweg? Och do e Flou. Op de Mann mat sengem Auto aner Autoe getéitscht huet - e Gerücht oder d'Wourecht? Datt de Polizist an absoluter Noutwier geschoss huet, dat schéngt esou ze si, mä et gëtt elo ermëttelt.
Niewebäi gëtt et awer e pur kleng Certituden: déi Bouneweger Geschicht ka keen Zoufall gewiescht sinn. Well wann d'Polizisten de Mercedes blockéiert hunn, dann hu si dat cibléiert gemaach, wollten dee blockéieren a soss keen. A si wousste genee, wou se de Mann blockéiere kéinten. Hir Sécherheet schéngt sech och doranner ze weisen, datt de Polizist, dee geschoss huet, seng Pistoul esou séier parat hat.
Woussten d'Polizisten, mat wiem si et ze dinn hätten? Och dat net bekannt.
Gewosst ass just, datt den Doudegen e presuméierte Bekannte vun der Police wier. Mä, mä… d'Autopsie misst weisen, ob hien et wierklech war. Dat ass e Widdersproch, deen net einfach ze erklären ass. E Bekannten, vläicht awer Onbekannten ass gestuerwen.
Weider Froen: firwat war den onbekannte Bekannten der Police bekannt? Wat ass am Auto fonnt ginn? Iwwerhaapt eppes? Hat de Mann gedronk? War hien op Drogen?
Wat ass dem Chauffer seng Nationalitéit? A mat esou Fro ass ee bei de komeschste Rumeuren. Déi koppegst ass dës: d'Polizisten, déi den Auto blockéiert hunn, déi wiere menacéiert ginn, Fanger, déi "peng-peng" maachen, e Geste, wéi wann eng Strass sollt duerchgeschnidde ginn. Rumeuren, Gerüchter, dat sief betount. Kee confirméiert se. An et wier ze hoffen, se stëmmen net.
Et gëtt hei also – obschonn de Basis-Fakt: en Doudege – kloer ass, et gëtt villeg méi Froe wéi Äntwerten.
D'IGP, déi enquêtéiert ass eng Blackbox, wou villes erageet an awer och näischt eraus kënnt. Gesond ass dat net.
Datt absënns mir Journalisten dat schlecht fannen, geschenkt. Schlëmm ass wat gemunkelt, vermutet, presüméiert, geschat gëtt – géingt den Doudegen, géingt de Polizist, géingt aner Leit.
Et wier héich Zäit, eppes Reelles gewuer ze ginn.