Jugendlecher tëscht 14 a 24 Joer hu sech beim Programm engagéiert, dat an de Beräicher Sport, Kreativitéit, Natur a Benevolat.

Sport maachen, kreativ een neit Talent entdecken, sech als Benevole engagéieren an eng Expeditioun maache goen. Dës véier Volete gehéieren zum Programm vum "Mérite Jeunesse" fir Jugendlecher tëscht 14 a 24 Joer. Dee Jonke sicht sech an all Domaine ee Projet eraus, duerno kritt hien déi an engem international unerkannten Zertifikat ugerechent. E Mëttwoch den Owend goufen 242 Jonker ausgezeechent.

AUDIO: Mérite Jeunesse / Reportage Anne-Sophie Heck

D'Irem Sosay ass op 3e am Athénée. Am Kader vum "Mérite Jeunesse" léiert si Gittar an danzt. De Volet Benevolat huet dem Irem am meeschte gefall a si ass erstaunt, wéi séier sech aner Leit entwéckelen ... Et goung och nach op een Hike vun 3 Deeg.

Sech an de véier Beräicher Benevolat, Sport, Kreativitéit an Natur ze engagéieren, dofir misst een sech gutt organiséieren. Gelangweilt gouf sech op alle Fall net.

Wéi d'Irem ass och d'Maëlle Dickhoff am Kolléisch op 3e. D'Maëlle hält sech am Kader vum "Mérite Jeunesse" mat Pilates fit, léiert Piano an huet een Éischt-Hëllef-Cours gemaach. De gutt gefëllte Programm géif engem Energie ginn.

Fir déi Jonk ze encadréieren, ginn Tuteuren an de Schoulen an a Jugendorganisatioune forméiert. D'Renée Fernandes ass Engleschproff an Tuteur beim "Mérite Jeunesse". Zanter méi wéi 20 Joer hëlleft si de Jugendlechen, sech ze organiséieren, a gesäit dat Ganzt och als eng wichteg Missioun un.

D'Zil ass et, deene Jonke méi Selbstvertrauen, Responsabilitéit an Teamgeescht mat op de Wee ze ginn. D'Zuel vun de Participantë géif all Joer an d'Luucht goen, soen d'Responsabel vum Programm. Dëst Joer feiert de Merite Jeunesse 25 Joer an et maachen iwwer 900 Jugendlecher mat.