
© Didier Weber (RTL)
De sougenannten e-CMR soll eng grouss Verännerung am Transportsecteur bréngen. D'Pabeiere vun de Camione kënnen esou besser a méi séier geréiert ginn.
D'Prozedur gouf eréischt am Mäerz autoriséiert, ma en Donneschdeg war et den éischten elektronesche Formulaire, dee feierlech ënnerschriwwe gouf.
Pabeier, dat war emol. Elo soll am Logistiksecteur digital geschafft ginn, dat mat engem Tablet oder engem Smartphone. Bis elo funktionéiert dat Ganzt esou: Wann d'Camionen hir Wuer oplueden, zum Beispill aus engem Fliger oder engem Schëff, da muss e Pabeier, e sougenannten CMR, vum Expediteur kontrolléiert an ënnerschriwwe ginn. Wann d'Wuer ukënnt, da mécht den Destinataire, deen dat alles erofluet, dat nämmlecht.

© Didier Weber (RTL)
Fir dës Prozedur huet de Benoît Joncquez mat senger Start-Up-Firma "
" een elektronesche System entwéckelt. Hei huet ee seng Dokumenter dann net méi op Pabeier, mee an digitaler Form a kann och esou vum Expediteur um Tablet oder um Smartphone direkt ënnerschriwwe ginn. Dono kritt den Expediteur dann och e Code geschéckt, also eng Validatioun. De System kléngt also u sech net ganz komplizéiert.

© Didier Weber (RTL)
De Patrick Silverio vu LuxAir Cargo präziséiert, datt ee géif wichteg Zäit spueren. Ronn 150.000 CMRen géifen am Joer traitéiert ginn, ronn 2-3 Minutte géif esou en Ausfëlle vun esou engem konventionelle CMR daueren. Wéi vill Zäit an engem Joer sou verluer geet, kann ee sech ausmolen.
Et wier manner opwänneg fir d'Administratiounen. An och fir d'Ëmwelt wier et besser, seet de Staatssekretär am Nohaltegkeetsministère Camille Gira. Dat Ganzt, esou de Grénge-Politiker weider, wier e konkret Beispill wou d'Ëmschalte vu Pabeier op Computer bei Transport-Dokumenter funktionéiert. Géif dëst a ganz Europa ëmgesat ginn, missten 160.000 Beem net ëmgehaen, respektiv kéinte 15.000 Palette Pabeier agespuert ginn.

© Didier Weber (RTL)
Lëtzebuerg mécht bei engem Pilot-Projet tëschent de BENELUX Länner mat. An enger éischter Phas ass hei am Land just eng Firma mat dobäi.