Den Afloss vun der Digitaliséierung op eist Liewen
Wei verännert d’Digitaliséierung eis Gesellschaft? Dat war eng Fro déi en Donneschdegowend op enger Konferenz vum Mouvement Ecologique diskutéiert gouf.
Wéi verännert d’Digitaliséierung eis Gesellschaft? Dat war eng Fro, déi en Donneschdeg den Owend op enger
Konferenz vum Mouvement Ecologique
diskutéiert gouf. Den Tilman Santarius ass Dozent op der TU Berlin an ass spezialiséiert a Froe vun der digitaler Transformatioun.
Am fréien Donneschdeg den Owend hate mir mat him iwwert den Afloss vun der digitaler Welt op eist Ëmfeld an Ëmwelt geschwat.
Schonn iwwert ee Joer ass et hier, datt den amerikaneschen Ekonomist Jeremy Rifkin säi Rapport iwwer déi drëtt industriell Revolutioun, also den Zukunftsmodell fir Lëtzebuerg, presentéiert huet. Mëttlerweil zweiwelen déi mannst, datt an de nächste Joren d'Digitaliséierung ee groussen Afloss op eist Liewe wäert hunn. Fir den Tilman Santarius ass d'Digitaliséierung eng Méiglechkeet, fir Biosphären ze schützen a fir méi sozial Gerechtegkeet ze suergen.