Op der Plëss hunn d'Caritas a Fairtrade géint d'Aarbechts- a Lounkonditiounen am Bangladesch protestéiert.

Enn Abrëll 2013 ass de Rana Plaza Komplex am Bangladesch a sech zesummegefall. Iwwer 1000 Leit goufen deemools dorënner begruewen.

D‘Caritas a Fairtrade haten an deem Kontext op eng Manif op d‘Plëss invitéiert. D‘Aarbechts- a Lounkonditioune sinn weiderhin dramatesch.