An der europäescher Unioun riskéiere bal 119 Millioune Mënschen an d'Aarmut ze verfalen oder sozial ausgegrenzt ze ginn.

Dat ass bal e Véierel vun der europäescher Populatioun, zu Lëtzebuerg liewe 16 Prozent vun de Leit ënnert der Aarmutsgrenz.

AUDIO: Mindestakommes an der EU/Reportage Dany Rasque

Fir op déi europawäit Problematik opmierksam ze maachen, sinn zënter zwee Deeg zwee Bussen an der ganzer europäescher Unioun ënnerwee, fir d'Leit ze sensibiliséieren.

Ee vun deenen zwee war en Donneschdeg zu Lëtzebuerg. E Bus, op deen d'Leit bausse kënnen ënnerschreiwen, fir ze weisen, datt hinnen d'Haaptfuerderung vum European anti-poverty network, also dem europäesche Reseau géint d'Aarmut um Häerz läit.

RTL

Dee rifft no enger europäescher Direktiv, de Robert Urbé vun der Caritas, déi och Member an deem Reseau ass, erkläert, dass esou eng Directive de Länner virschreiwe soll, wéi héich, an engem spezifesche Land, de Mindestakommes soll sinn. Och soll d'Directive festleeën, no wéi enge Kritären dëse Montant soll festgeluecht ginn.

De Bus ass zu enger Zäit zu Lëtzebuerg, wou bei eis am Land den RMG reforméiert gëtt. Nach laang net all Betraffene weess Bescheed. Mir hu beim Bus mat engem Mann geschwat, deen hallef schafft a fir de Rescht de Complément RMG kritt. Hien ass dovunner iwwerzeegt, datt fir hien näischt ännert, mä hie weess, datt et net einfach ass, fir domadder ze liewen. Hien erkläert eis, dass, wann ee Loyer ze bezuelen huet an och weider Rechnungen ze bezuelen huet, da géing et awer net duergoen, virun allem, wann een nach aner Scholden huet. Wann een awer net ze vill iwwer d'Sträng géing schloen, kéint een awer iwwer d'Ronne kommen.

Ma eleng d'Tatsaach, datt et zu Lëtzebuerg den RMG oder an Zukunft de Revis gëtt, weist, datt de Grand-Duché e Schratt méi wäit ass, wéi verschidden aner europäesch Länner. E Mindestakommes ass nach laang net iwwerall Realitéit. Griicheland an Ungarn hätte guer kee Mindestakommes, Italien hätt eréischt just ee kritt an a Spuenien wier net iwwerall een, well et do op regionalem Niveau géing Differenze ginn an déi aner Länner hätten alleguerten eppes, ma et wier nach laang net iwwerall adequat.

A genee dorop soll d'Campagne vum europäesche Reseau géint d'Aarmut opmierksam maachen. De Bus fiert e Freideg virun op Stroossbuerg an dono an Éisträich, Slowenien, Kroatien, Italien a sou virun, fir dann den 28. Juni erëm zu Bréissel unzekommen.

En Donneschdeg huet och eng Konferenz an der Stater Jugendherberg ugefaangen, wou et ëm de Changement vum RMG op de Revis geet.