D'Formatioun am LTPS gouf ugepasst, fir ze verhënneren, datt ze vill Jugendlech en cours de route ophalen. Ma elo gëtt et en Enkpass bei de Proffen.

Ëmmer méi jonk Leit entscheede sech fir de Beruff vum Infirmier oder vun der Infirmière. E Gesondheetsberuff also. Eng Formatioun, déi sech iwwert eng ganz Rëtsch vu Joren zitt. Mat knapps 16 mussen déi Jugendlech sech entscheeden, ob se déi Formatioun wëlle maachen oder net. A genee dat bréngt e Problem mat: Vun iwwer 250 Schüler, déi mat der Formatioun ufänken, bleiwen zum Schluss vun der Formatioun nach knapps 50 iwwereg.

Dat läit mat do drun, dass et zu Lëtzebuerg nach ëmmer kee Post-Bac-Studium ass, wéi dat am Ausland de Fall ass. Dat seet de Roland Muller, deen am LTPS, also an der Infirmièresschoul, fir d'Formatioun vun den Infirmieren zoustänneg ass.

Fir deem Problem elo entgéintzewierken an d'Schüler esou séier wéi méiglech mat der Realitéit ze konfrontéieren, gouf en neit Formatiounskonzept ausgeschafft. Eng Aart Simulatioun mat Acteure soll de Schüler d'Méiglechkeet ginn, d'Theorie, déi sinn an der Schoul léieren, ënner kontrolléierte Bedingungen ze probéieren. Dat géing vill dobäi hëllefen, de Schüler méi Sécherheet an hire Gesten ze ginn, seet de Roland Müller.

Bis elo ass den LTPS déi eenzeg Schoul, déi esou e System an der Formatioun asetzt - de Retour vun de Schoulen, awer och vun den Acteuren um Terrain, also de Spideeler, wier extrem positiv. D'Schüler, déi esou eng Simulatioun matgemaach hunn, wiere vill méi roueg, wa se déi éischte Kéier op e reale Patient am Spidol treffen, seet de Roland Muller.

Insgesamt ass d'Formatioun elo an 3 opgedeelt: en theoreteschen Deel, d'Simulatioun an dono de Stage um Terrain.

Dat ass natierlech eng Opdeelung, déi vill Ressourcë brauch, an do gëtt et e grousse Problem. Et géingen zwar ëmmer méi Schüler ginn, mä an deene leschte 4 Joer wieren et am Verhältnis zu de Schüler esouguer manner Proffen, seet de Roland Müller. An dat wier ee ganz seriöe Problem.