An der Affär ChamberLeaks wollt d'Police judiciaire eng Perquisitioun beim Radio 100,7 maachen.

Zwee Beamte vun der Police Judiciaire haten a Mandat vum Untersuchungsriichter fir eng Perquisitioun an eng Saisie.

D'Beamte goufen awer enttäuscht. De Chefredakter huet hinnen erkläert, datt d'Dokumenter déi si gären hätten, geläscht gi wieren.

Si hätten no Dokumenter gefrot a wéi se gesot kruten, et wiere keng méi do, hätte si net insistéiert. Et wier also keng muscléiert Perquisitioun gewiescht, sot de Jean-Claude Franck. Domadder war d'Perquisitioun du séier ofgeschloss.

D'Enquête riicht sech géint de Chefredakter Jean-Claude Franck, géint de Journalist Claude Biver a géint Onbekannt. Si kréien informatesch Fraude an d'Klaue vun elektroneschen Donnéeën virgehäit. Dat gouf elo vum Radio 100,7 matgedeelt.

AUDIO: De Jean-Claude Franck iwwer d'Perquisitioun

Entretemps gëtt och scho weider Reaktiounen

De Lëtzebuerger Presserot seet sech an engem Communiqué bestürzt iwwert d'Manéier vun den Enquêteuren, freet wat fir ee Stellewäert d'Pressefräiheet hei am Land nach hätt an ass och rosen, datt de Presserot nees eng Kéier no der Perquisitioun informéiert ginn ass – dat wier e Verstouss géint d'Gesetz iwwer d'Meenungsfräiheet.

Och Déi Lenk an d'Pirate protestéieren: hei géif erëm eng Kéier géint den Iwwerbrénger vun der schlechter Noriicht enquêtéiert ginn – also géint de Radio 100,7 - iwwerdeems d'Chamber hannerwands bleiwe géif.

Hei d'Schreiwes vum Presserot:

Mitteilung des Luxemburger Presserats

Welchen Stellenwert hat die Pressefreiheit in Luxemburg?

Mit Blick auf die am Dienstag stattgefundene Hausdurchsuchung beim öffentlich-rechtlichen Radiosender 100,7 im Rahmen der “Chamberleaks-Affäre” ist der Luxemburger Presserat einmal mehr bestürzt über die Vorgehensweise der Ermittler.

Der Presserat möchte an dieser Stelle erneut an die folgende im Ethikkodex der Luxemburger Presse sowie im Gesetz über die Meinungsäußerungsfreiheit in den Medien festgehaltenen Direktive erinnern:

“Art.7 a) La presse s’engage à observer le secret professionnel qui implique le droit de taire ses sources d'information, tel que défini dans la loi. Elle a le droit de refuser de divulguer dans le cadre d’une procédure administrative ou judiciaire des informations identifiant une source.

En cas de perquisition dans une entreprise de presse ou audiovisuelle faisant suite à une commission rogatoire ou d’enquête, le président du Conseil, ou en l’absence de celui-ci un des vice-présidents ou son représentant dûment mandaté, assistera à la perquisition avec mission de veiller à ce que les dispositions assurant la liberté d’expression dans les médias soient respectées.

(adoptée en réunion plénière du 28 mars 2006) “

So wie bei vorangegangenen Hausdurchsuchungen in den Redaktionen von “Lëtzebuerger Journal” und “Contacto” wurde der Presserat auch bei der am Dienstag stattgefundenen Hausdurchsuchung beim Radio 100,7 erst im Nachhinein darüber in Kenntnis gesetzt.

Bei diesen und ähnlichen Versuchen, die Gesetze und Direktiven zu untergraben, und in Anbetracht der Tatsache, dass in diesem Fall allein gegen die Presse und, laut Aussagen des Chefredakteurs von Radio 100,7,  nicht gleichzeitig gegen die “Chamber” (deren Fahrlässigkeit in punkto Datenschutz durchaus den Ursprung des Leaks sein könnte) polizeilich ermittelt wird, sei die Frage erlaubt, welchen Stellenwert die Pressefreiheit  in Luxemburg überhaupt noch hat.

 
Für den Presserat

Roger Infalt

Generalsekretär

15. Mai 2018

Hei dat offiziellt Schreiwes vun der Piratepartei:

Chamberleaks: Responsabel bestrofen amplaz Journalisten aschüchteren!

D'Piratepartei ass erschreckt iwwert d'Annonce vun enger Perquisitioun de Moien beim Radio 100,7 an der Enquête déi sech explizit géint Journaliste riicht.

“Eng Perquisitioun bei Journalisten, wärend déi Responsabel net mol eng Enquête musse fäerten ass disproportionéiert.” sou de Sven Clement, President vun der Piratepartei.

An der Affär "Journal" gouf well vum europäesche Menscherechtshaff kloergestallt, datt Perquisitioune bei Journalisten en negativen Effekt op d'Meenungs- a Pressefräiheet hunn an dofir an der Mënscherechtskonventioun verbuede sinn.

D'Pirate weisen sech doriwwer eraus erstaunt doriwwer, datt amplaz eng Enquête géint déi Responsabel an der Chamber wéinst ë.a. dem Art. 120quinquies vum Code pénal – well dës Lacune hätt och vu Staaten ausgenotzt kënne ginn, hei Journalisten an hirer Aarbecht gestéiert an ageschüchtert ginn.

“Hei gëtt op den Iwwerbrénger an Entdecker vun der Sécherheetslacune geschoss amplaz déi Responsabel vun der Faille ze bestrofen.”, sou de Sven Clement weider, “Wann an anere Länner d'Pressefräiheet mat Féiss getrëppelt gëtt, sinn all Politiker ëmmer séier derbäi fir d'Regierungen ze kritiséieren, och hei zu Lëtzebuerg musse mir d'Pressefräiheet all Dag
verdeedegen an dofir dës Perquisitioun op d'Schärefst veruerteelen!”

Hei d'Schreiwes vun Déi Lénk:

Don't shoot the messenger!

Die heute durchgeführte polizeiliche Hausdurchsuchung beim öffentlichen Radiosender 100,7 ist sehr bedenklich. Nachdem der Radiosender über gravierende Sicherheitslücken im Umgang mit sensiblen Daten innerhalb Parlaments berichtete, wird nun auf den Überbringer der schlechten Nachrichten juristisch geschossen.

déi Lénk werten diese Aktion als weiteren und inakzeptablen Einschüchterungsversuch des öffentlichen Radiosenders 100,7 und kritischer JournalistInnen im Allgemeinen.

Desweiteren wiederholen déi Lénk ihre Kritik am grünen Justizminister Felix Braz, der trotz mehrmaliger Ankündigung kein Whistleblower-Gesetz in dieser Legislaturperiode ausgearbeitet hat. Hätte es nach den Enthüllungsskandalen der vergangenen Jahre eines weiteren Beweises für die Notwendigkeit eines solchen Gesetzes bedurft, der Umgang mit Chamberleaks wäre ein solcher.