E Mëttwoch de Mëtteg stoung den Naturschutz an der Chamber um Programm, ma vun engem Ament op deen aneren ass d'Politik an den Hannergrond geréckelt.

De Staatssekretär am Ëmweltministère, Camille Gira, hat nämlech um Riednerpult e Malaise an ass an d'Gette gaangen - en Häerzinfarkt, wéi sech spéider erausstelle sollt, an ee mat déidleche Suitten, well just e puer Stonnen drop gouf den Doud vum grénge Politiker annoncéiert. Natierlech war d'Sëtzung direkt ënnerbrach ginn.

Ier et zu deem tragesche Virfall koum, war allerdéngs kloer, datt, wat den Detail vum Naturschutzgesetz ugeet, d’Meenungen nawell ausernee ginn. Der CSV, déi zwar hannert der Grondiddi vum Gesetz stinn, geet den Text net wäit genuch. D'Martine Hansen vun der CSV huet nach emol betount, dass d'Landwirtschaft an den Naturschutz missten zesumme gekuckt ginn, och am Punkt vun der Kompensatioun. D'Ëmwelt, déi zerstéiert gëtt, soll kompenséiert ginn. Hei misst dann dacks d'Landwirtschaft drënner leiden ...

AUDIO: Martine Hansen - CSV

D'CSV-Deputéiert huet eng Motioun deposéiert, fir d'Regierung opzefuerderen, de System mat den Ecopunkten ze evaluéieren, déi néideg Upassungen ze maachen an dass en Vue vun enger Reduzéierung vum Flächeverbrauch a mat dem Opruff fir no anere Kompensatiounsmesuren ze sichen.

Dat neit Gesetz wier keen Allheelmëttel, mä e Puzzelstéck zum Schutz vun eise Liewensgrondlagen, dat huet de Rapporteur vum Projet de Loi Henri Kox betount, deen och ënnerstrach huet, dass dëst Gesetz eng Participatioun vun allen Acteure géif berécksiichtegen ...

AUDIO: Henri Kox - Déi Gréng

Och den ADR huet sech fir e klore "Nee" ausgeschwat.

Zum Vott koum et net, well d'Sëtzung jo ënnerbrach gi war.

En Donneschdeg sollten d'Aarbechten an der Chamber um 14 Auer weidergoen, wéinst dem Doud vum Staatssekretär Camille Gira gëtt déi Seance awer reportéiert.