Nom stënterlechen Dout vum grénge Staatssekretär am Ëmweltministère war e Samschdeg am Nomëtteg eng Gedenk-Zeremonie a senger Heemechtsgemeng Biekerech.

Immens vill Leit, Privatleit, Famill a Frënn, ma natierlech och vill Politiker, Regierungsmemberen, Deputéiert an de Kommissiounspresident a fréiere Premier waren op d'Plaz komm, fir dem Verstuerwenen Äddi ze soen.

AUDIO: Biekerech huet dem Camille Gira Äddi gesot - Annick Goerens

All déi Leit, déi d'Kraaft opbruecht hunn, fir eppes iwwert de Frënd, de Parteikolleg, de passionéierten, grénge Politiker, de Papp, de Mann Camille Gira ze soen, haten ee gemeinsamen Nenner: an zwar d'Dankbarkeet. Dankbarkeet de Mann dierften ze kennen, den hiert Liewen sou nohalteg gepräägt huet. Op dëser Plaz mussen net ALL d'Wierder widderholl ginn, déi gefall sinn, fir de Verstuerwene Camille Gira ze beschreiwen, ma et sief gesot: e gudde Frënd, e Mann deen sech onermiddlech fir d'Ëmwelt, fir Gerechtegkeet a ganz besonnesch fir Toleranz staark gemaach huet, e Mann mat vill Witz a mat engem „verschmitzten Lächeln“ wéi de François Bausch betount huet. Een, mat deem een och gutt a gären e Patt drénke konnt.

D'Zeremonie war am Centre Nic Bosseler zu Biekerech. Nieft dem André Mergenthaler huet de lokale Gesang d'Zeremonie encadréiert. Op dem Camille Gira säi Wonsch hin, hunn seng Fra an seng zwee Bouwe ganz perséinlech lescht Wierder un hire Mann respektiv un hire Papp geriicht. De grénge Politiker wollt, dass nach e Patt a sengem Numm duerno géif gedronk ginn. Genee dat gouf och gemaach. Äddi Camille Gira.