"Et si keng nei Virwërf, déi ech héieren an et ass och net esou, wéi wa mer net matenee geschwat hätten"

Dat sot de Sozialminister Romain Schneider um Plateau vum RTL-Journal, woumat en op déi schaarf Kritik vu Säite vun der AMMD reagéiert huet. D'Dokteschassociatioun beklot ënnert anerem, datt déi vereelzten Nomenclature d'Dokteren therapeutesch aschränken. Kuerzfristeg géing et dofir allerdéngs keng Léisung ginn, seet de Romain Schneider:

Den Tiers payant généralisé, deen d'AMMD ënnert kengen Ëmstänn acceptéiere wëll, wäert um Mëttwoch Sujet op der Quadripartite sinn. Dem Romain Schneider no eng excellent Méiglechkeet mat all den Acteuren ze schwätzen. Wärend et also fir d'AMMD en Nogo bleift, gesäit de Romain Schneider den Tiers payant généralisé eng rei Argumenter, fir dat ganzt schrëttweis unzepaken.

Chamberkommissioun gouf informéiert

De Sozialminister Romain Schneider huet d’Deputéiert aus der zoustänneger Chamberkommissioun driwwer informéiert, datt hie sech mat der Dokteschassociatioun un en Dësch wollt setzen, fir iwwert den Tiers payant generalisé ze diskutéieren.

Tiers Payant Généralisé Sujet um Krautmaart
D’Attitüd vun der AMMD am Dossier "tiers payant généralisé" stéisst um Krautmaart op häerzlech wéineg Versteesdemech.

D’Doktere wéilten awer just mat der CNS schwätzen, a se géingen den Dialog mam Minister refuséieren, bedauert de Romain Schneider. En hätt méi dacks probéiert eng Entrevue ze kréien, dat och schrëftlech, mä d'AMMD hätt dat refuséiert. Si hu gesot, si géife mam konventionéierte Partner, deen d'CNS ass, iwwert de Problem schwätzen.

AUDIO: De Romain Schneider

D'Verhale vun den Doktere kënnt bei den Deputéierten nawell zimlech schlecht un, an natierlech och beim Minister. Och wann d’CNS an dëser Saach de Verhandlungspartner ass, wier et absolut ze bedaueren, datt hei d’Dier geklaakt gëtt, wann e Minister am Optrag vun der Regierung an der Chamber ëm e Gespréich freet.

AUDIO: Tiers payant: Déck Loft tëscht Politik an AMMD/Pit Everling

Allgemeng wier d’Verhale vun der AMMD net ganz logesch. Do wier keng Linn méi dran: Op där enger Säit gëtt gesot, komm mir féieren Diskussiounen an aktualiséieren d'Nomenclature, op där anerer Säit kënnt d'Undeitung, dass si wéilten aus der Commission nomenclature erausklammen.

De Minister hat sech fir eng schrëttweis Aféierung vum System ausgeschwat. E System, bei deem de Patient d’Sue fir d'Rechnung jo net méi misst virstrecken. Fir d’AMMD ass de generaliséierten Tiers payant jo en « No Go ».

Queesch duerch d’Reie koum net all ze vill Versteesdemech fir d’AMMD. De Marc Spautz vun der CSV betount, dass hien zwar versteet, dass si fir d'éischt mat der CNS wëlle schwätzen, awer carrément ze refuséieren mat engem Regierungsmember ze diskutéieren, wier eng Iwwerraschung an dat géing hien net verstoen.

Déi Lénk fuerdere carrément, datt d’Dokteren dann einfach net an d’Diskussioune solle mat agebonne ginn. Wann esou eng Reegelung net an engem sozialpartneresche Sënn ka gefouert ginn, ass de Minister an der Verantwortung den Tiers payant iwwer Gesetz anzeféieren, sou de Marc Baum.

AMMD reagéiert

© Jeannot Ries

D'Dokteschassociatioun huet e Méindeg de Moien op d’Aussoe reagéiert a vun engem Mëssverständnes vu Säite vum Minister Schneider geschwat. Hien hätt méiglecherweis nach ëmmer net verstanen, datt d’AMMD misst mat der CNS schwätzen, wëll den Tiers payant matière conventionel ass an net eppes, wat iwwer d’Gesetz soll gereegelt ginn. De Romain Schneider wier net den Interlocuteur an dat hätt een dem Minister och schrëftlech an engem Bréif erkläert. D’AMMD hätt net refuséiert mam Minister ze schwätzen, mä si hätten hien iwwert d’Formen an d’Prozeduren opgekläert.

AMMD: De Minister Schneider huet nach ëmmer net verstan
D'Dokteschassociatioun huet e Méindeg de Moien op d’Aussoe reagéiert a vun engem Mëssverständnes vu Säite vum Minister Schneider geschwat.