Bypass Fridhaff ageweit, nei Contournementer

© Frank Elsen
Ronn 180 Milliounen Euro ginn an Zukunft an d’N7 tëscht dem Fridhaff a Wäiswampech investéiert fir den Tronçon nach méi sécher ze maachen.
An deem Kontext ginn ënnert anerem d’Echangeuren zu Closdellt, zu Lëpscht an zu Housen ëmgebaut. Donieft, sollen 2 nei Contournementer zu Housen an zu Hengescht entstoen. Dem Nohaltegkeetsminister François Bausch no, sollen déi Aarbechten tëscht 8 a 9 Joer daueren. Dëse Projet soll an Zukunft awer vill bréngen.
Well et op der N7 den Ament eng sëlleche geféierlech Punkte gëtt, soll ënnert anerem eng Mëttelleitplank op der Dräibunn gebaut ginn, dat fir den Tronçon tëscht dem Fridhaff a Wäisswampech nach méi sécher ze maachen. De Marc Ries vu Ponts et Chaussées betount, dass een dofir d'Strooss misst ronn 4,5 Meter méi breet maachen. Och d'Schnëttpunkte sollen da gréisstendeels regroupéiert an duerch Echangeuren ersat ginn.
Op engem groussen Deel vun der Streck wäert een an Zukunft mat 90 Stonnekilometer kenne fueren. Donieft, sollen 2 nei Contournementer zu Housen an zu Hengescht entstoen. Den Nohaltegkeetsminister François Bausch seet, dass de Gesetzesprojet nach soll virum Summer an der Chamber deposéiert ginn. Hengescht soll dann do direkt hannendru kommen.
D’Ponts et Chaussées géifen déi néideg Efforte maache fir d'Sécherheet am Stroosseverkéier ze verbesseren. All Doudegen deen een op der Strooss hätt, wier ganz kloer een Doudegen ze vill, esou de Marc Ries. Virun allem Chauffeuren déi lénks ofbéie wëllen, sollen duerch dës Projete minimiséiert ginn.
E Mëttwoch gouf awer och de Bypass Fridhaff ageweit. E Bypass deen entstanen ass, well et ëmmer nees zu Stauen an de Spëtzestonnen an deem Beräich koum. An Zukunft soll awer och eng Vëlospiste vum Fridhaff op Wäiswampech gebaut ginn.