D'Alternativ demokratesch Reformpartei huet e Freidegowend, am Hennessbau zu Feelen, déi 60 Kandidate presentéiert, déi am Oktober mat hir an d'Wale ginn.

Am Osten, Norden a Süden ginn et all Kéier zwee Spëtzekandidaten am Zentrum dogéint just een. Den Altersduerchschnëtt läit bei 49 Joer an et kandidéiere 24 Fraen a 36 Männer. 7 Männer hunn et och un d'Spëtzt vun der Lëscht gepackt. Eng Spëtzekandidatin gëtt et bei der ADR net.

Vun deene 60 Kandidaten erwaart de President Jean Schoos sech elo vollen Asaz a ganz vill Succès. D'Zil ass et am Oktober op d'mannst erëm 5 Sëtz ze kréien. E Walprogramm huet d'ADR nach net, dofir awer e Wal-Slogan. "Är Stëmm fir Lëtzebuerg", esou ass d'Campagne dës Kéier iwwerschriwwen. Als Haapttheme bei dëse Walen, nennt de Jean Schoos, den nohaltege Wuesstem, d'Integratioun iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch, d'Mobilitéit an de Wunnengsbau.

Wal-Slogan vun der ADR: Är Stëmm fir Lëtzebuerg
D'Alternativ demokratesch Reformpartei huet e Freidegowend, am Hennessbau zu Feelen, déi 60 Kandidate presentéiert, déi am Oktober mat hir an d'Wale ginn.

Wéi et vun der Partei heescht, wieren d'Kandidatelëschte gutt opgestallt a géifen eis Gesellschaft gutt erëmspigelen.
En Donneschdeg den Owend goufen déi eenzel Kandidate schonn ofgeseent. Spëtzekandidat am Zentrum ass den aktuellen Deputéierte Roy Reding. Mat am Zentrum an d'Wale ginn ënnert anerem nach den ADR-Gemengeconseiller vu Kolmer-Bierg Marc Adamy, de Futtballnationalspiller Dan Da Mota, de fréieren Arméichef Mario Daubenfeld an de Journalist Dan Hardy.

Spëtzekandidaten op der Südlëscht sinn den Deputéierte Gast Gibéryen an den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser. Am Süde kandidéiert och de Fred Keup, de Grënner vum Wee2050.

VIDEO: De Gaston Gibéryen war den Invité am Journal
Mam adr-Deputéierte Gaston Gibéryen hu mir iwwer d'Chamberwale geschwat, awer och iwwer de Walprogramm vun der adr.

Am Norde geet de Jeff Engelen, Gemengeconseiller vu Wëntger fir d'ADR als Spëtzekandidat an d'Course. Donieft kandidéiert och den Michel Lemaire, President vun der ADRenaline. An am Osten sinn et de fréieren ADR-Deputéierte Roby Mehlen an de President Jean Schoos, déi d'Lëscht uféieren.

RTL
RTL

© Christophe Hochard / RTL Télé Lëtzebuerg