De François Bausch huet um Méindeg de Moien op enger Pressekonferenz matgedeelt, dass den Tram vum 27. Juli u bis op d'Stäreplaz fiert.

De 27. Juli ass et sou wäit, da gëtt den zweeten Tronçon vum Tram vum Arrêt Pafendall, iwwert d'Rout Bréck bis op d'Stäreplaz ageweit. Op der neier Streck fiert den Tram 2 Kilometer a bleift op dräi neien Arrête stoen, déi wieren: Theater, Faïencerie a Stäreplaz. Dobäi gëtt et een groussen Avantage an Ënnerscheed vun der zweeter, neier Streck par Rapport zur éischter um Kierchbierg, wéi den Transportminister François Bausch erkläert.

Do gëtt nämlech ouni Catenaire gefuer. Dat heescht, dass den Tram mat Batterie fiert an op de Statioune ginn d'Batterien all Kéier nees nei opgelueden, fir da kënnen op déi nächst Statioun ze fueren. Dat heescht, dass den Tram mat enger enorm performanter Batterie fiert, déi dann op de Statiounen all Kéiers fir 20 Sekonnen nees nei opgeluede ginn. D'Tester wäre bis ewell ganz zefriddestellend gelaf. Bis ewell just Nuets, ma elo de ganze Juni och nach am Dag.

AUDIO: D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer

Tram ouni Catenaire um zweeten Deel

Fir den Tram ouni Catenaire duerch d'Stad duerchgesat ze kréien, hätt een laang gekämpft, erkläert d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Dat wär ee groussen Avantage, well sech den Tram ouni Catenaire besser an d'Stadbild afügt.

Fir de Publique ass den Tram gratis vum 27. Juli bis de 16. September. Vum 14. August un, fiert den Tram iwwregens just op enger Linn, mat 20 Km/h, vum Theater op d'Stäreplaz, dat wéinst der Schueberfouer. Dann ass genuch Plaz do, fir déi kleng Marchéen an der Allée Scheffer.

Et goufen donieft 10 nei Chauffeuren agestallt, déi den Ament forméiert ginn an Ufank Juli fäerdeg ginn. Och déi aktuell Tram-Chauffeure kréien eng nei Formatioun, fir um neien Tronçon kënnen ze fueren.  Am Ganze vergréissert sech d'Equippe vu Luxtram dann op 95 Leit.

VIDEO: Den Tram a Richtung Stäreplaz
Aus Tester gëtt vun Enn Juli un Realitéit: da fiert den Tram viru bis op d ‘Stäreplaz. Et ware jo schonn nuets Test-Faarte gemaach ginn, déi gutt verlaf sinn.

Luxtram huet den Ament 9 Rammen an 6, déi all Dag am Asaz sinn, fir am 6 Minutten-Takt ze fueren. Fir op d'Stäreplaz kommen 2 Rammen derbäi. Op der Stäreplaz soll och nach e pole d'échange fir Busser entstoen.

An enger nächster Phase fiert den Tram dann iwwer d'Avenue Emile Reuter, Boulevard Royal, iwwer d'Nei Bréck, d'Nei Avenue erof bis op d'Paräiser Plaz. Enn 2019 sollen déi Aarbechten ofgeschloss sinn. De Chantier soll virum Summer nach ufänken.

D'lescht Woch ass den Tram eng éischte Kéier iwwert d'Rout Bréck op de Lampertsbierg gefuer, en Donneschdeg ass den Tram op der Stäreplaz ukomm.

VIDEO: Tram eng éischte Kéier op der Stäreplaz
Um Donneschdeg de Moien ass den Tram eng éischte Kéier op der Stäreplaz ukomm.