Schied Mëllerdall: Defi fir Touristesaison, déi an 3 Wochen ufänkt

D'Iwwerschwemmunge vum leschte Freideg haten e groussen Impakt op de Mëllerdall an esou och op den Tourismus zu Lëtzebuerg.
Eng 150.000 Leit haten déi automatesch Zielstatiounen am Mëllerdall d'lescht Joer gezielt. Domadder ass d'Regioun de véiertgréissten Touristemagnéit am Land, dat no der Stad Lëtzebuerg, dem Beetebuerger Park an dem Schlass zu Veianen. Eng 45 Milliounen Euro Ëmsaz ginn hie am Joer gemaach.
Ma dës beléiften Touristenattraktioun ass duerch d'Iwwerschwemmunge staark beschiedegt ginn. Op den 112 Kilometer Bëschweeër, déi déi meeschten Touristen an eenzelnen Etappen a 6 Deeg hannert sech bréngen, musse vill Deeler nees opgebaut ginn, well de Parcours total zerstéiert ass. Eleng 100 méi kleng Brécken goufen ewechgeschwämmt.
Dofir ass elo d'Zil, vir e groussen Deel vum Parcours nees esou séier wéi méiglech opzemaachen, well den 1. Juli fänkt d'Touristesaison am Mëllerdall nees richteg un.
Deel 2: Lëtzebuerg ass am Klimawiessel ukomm: Experte si sech eens

D'Experte si sech eens, datt och zu Lëtzebuerg an Zukunft méi dacks mat méi extreme Wiedersituatiounen, wéi mer se lo haten, ze rechnen ass. Fir d'Wëssenschaftler eng grouss Erausfuerderung, d'Mooss-Systemer mussen ugepasst a nei Kaarten opgestallt ginn.
30. Mee an 22. Juli 2016, 29. Abrëll an 1. Juni 2018: véier Datumen, véier sougenannt Staark-Reen-Evenementer bannen 2 Joer op déi reagéiert muss dinn. An Zukunft ass nämlech nach méi dacks mat esou uergen Tëschefäll ze rechnen.
Dofir sinn d'Experte vum List a Waasserwirtschaftsamt dobäi, fir eng nei Kaart mat Geforenzonen am ganze Land kënnen opzestellen. An dëse Kaarten sollen net nëmmen d'Flëssleef drakommen, ma och Häng, wou Wunnengen oder esou guer ganz Dierfer dra sinn, mat agezeechent ginn. Dës kommen a sougenannte "tout Zonen", esou datt een d'Leit vill besser op d'Gefore kann opmierksam maachen a si esou och viru méigleche Schied an eben Iwwerschwemmunge ka warnen.

Et brauch een nei Kaarten, well eben verschiddener vun dëse rouden Zonen, also potentiell geféierlech Plazen, bis elo nach net onbedéngt bekannt waren:Dierfer, Lotissementer oder Stroossen, déi bis elo als "sécher" gegollt hunn, goufe vu Bullislawinnen a Waasser iwwerrannt.
Déi nei Kaarte sinn also e wichtegt Instrument, fir d'Leit ze sensibiliséieren, fir ze gesinn, wou Gefore bestinn, awer och, fir nei PAGen auszeschaffen. Parallel gi Baachen a Flëss wieder renaturéiert, wieder Bassinen, fir de Reen zeréckzehalen, ginn ugeluecht, fir d’Landnotzung deels opzefänken. Wou d’Experten awer och drop hiweisen, dat Haut virun enger Woch Zonen iwwerschwemmt goufen, wou d’Natur net zoubetonéiert war.
An awer sinn d'Experte sech eens: Mir sinn am Klimawandel ukomm. Dat ass eng Tatsaach, wou kee Wee dolaanscht féiert.
Deel 1: 2018 kéint een deiert Joer fir d'Assurancë ginn
Beim Ärenzdall loungen d'Schied 2016 bei 7 Milliounen €, dëst Joer läit ee bis elo scho bei 4-5 Miliounen € an d'Schied vum leschte Weekend sinn nach net matgerechent.
2018 kéint en deiert Joer ginn, fir déi fënnef Lëtzebuerger Assurancë Gesellschaften. Bis elo leien d'Schied, déi Donnerwieder, Knëppelsteng an Iwwerschwemmungen ugeriicht hunn, schonn iwwert deene vu virun zwee Joer, wéi den Ärenzdall iwwerschwemmt gouf.
De Jeannot Ries mat engem éischte Bilan an der Fro, wéi déi nei Zousazversécherung fir Iwwerschwemmunge bei de Leit ukënnt.
De leschte Freideg si Waasser a Bulli bannent kuerzer Zäit duerch Greiweldeng geschoss. Do blouf keng Zäit, fir déi perséinlech Saachen ze retten. Eleng hei op der Musel geet de Materielle Schued an d'Honnertdausenden. Guer net vum Mëllerdall ze schwätzen. An och déi lescht Nuecht stoungen nees iwwer Land Kelleren ënner Waasser.
De Marc Hengen, Administrateur délégué ACA: De Mee war e ganz aktive Mount wat d'Donnerwiederen a Knëppelsteng ugeet. Déi Knëppelsteng hunn d'Assureuren dëst Joer tëscht 4 a 5 Milliounen Euro kascht.
D'Millioune Schied vum leschte Weekend, sinn hei nach net mat agerechent. D'Katastrophe den 22. Juli 2016 am Ärenzdall huet virun zwee Joer eng Diskussioun iwwert d'Couverture vun den Assurancë lancéiert. Mat um Enn enger substantieller Ännerung: Zanter dem 1. Juni vum leschte Joer, bidde 5 Member vun der ACA eng Zousazversécherung un. Déi op fräiwëlleger Basis, Iwwerschwemmungschied, sou breed wéi méiglech ofdeckt.

© RTL Télé Lëtzebuerg
De Gilbert WOLTER, Directeur Commercial a Marketing Foyer: Bei den neie Souscriptiounen ass et bal 100 Prozent vun de Leit. Um gesamte Portefeuille ass et e gudden Drëttel, woubäi ee mierkt, datt d'Leit och ëmmer e bëssen noléisseg sinn a wann d'Kand am Pëtz läit, da géinge se gären den Deckel dropmaachen. Dat heescht mir wäerten net midd ginn, weider ze sensibiliséieren.
Steve Balance, Directeur adjoint La Luxembourgeoise: De Succès ass schonn do, et geet nach net duer. Dir wësst d'Assurance ass e bëssen e Solidaritéits-Produkt, dat heescht et wier flott, wann nach méi Leit géingen dorobber sprangen, fir datt déi Garantien an Zukunft kënne weider liewen an deemno wéi nach kënne verbessert ginn.
Wat gëtt genee ugebueden? Am Detail spillt d'Konkurrenz tëschent de 5 Gesellschaften. D'Basis gouf fir 99% vun der Populatioun op 200.000 Euro pro Joer, pro Evenement festgeluecht. Fir Leit an Iwwerschwemmungszone geet déi Garantie op 20.000 Euro erof.
E wichtegen Detail: Déi Iwwerschwemmungs-Garantie gëllt just fir Privat-Leit, net fir Entreprisen. Wichteg ass och z'ënnersträichen, datt dës nei Garantie, déi iwwregens generell tëscht 100 an 150 Euro kascht, net fir Schied un Autoen opkënnt. D'Schied um Auto mussen d'Leit iwwert d'Assurance vum Auto ofsécheren.
Déi Rezent Iwwerschwemmungen hunn et nees gewisen. Et sinn net just Baachen a Flëss déi klammen, déi de Besëtz vun de Leit a Gefor bréngen. Bullislawinnen a Waasser, wat d'Häng erof kënnt, sinn an deem Ausmooss eng fir Lëtzebuerg nei Gefor.