De Moment ass zwar Sputt an den Strukturen, ma et muss een awer domat rechnen, datt an den nächste Méint erëm méi Flüchtlingen op Lëtzebuerg kommen.

Zanter Ufank vum Joer geet de Chiffer vu Flüchtlingen, déi op Lëtzebuerg kommen, liicht zréck. Dat geet aus den aktuelle Chiffere vum OLAI ervir. Op den 1. Mee vun dësem Joer gekuckt, ware ronn 2.500 Persounen a Strukture vum OLAI ënnerbruecht. Et muss een allerdéngs op e weidere Flux gefaasst sinn.

Eleng wéinst de Wiederkonditioune muss een dovun ausgoen, datt méi Leit sech op de Wee an Europa, an och op Lëtzebuerg wäerte maachen. Tëscht Januar an Abrëll sinn hei am Land an der Moyenne 224 Persoune pro Mount ukomm. Dat ass e liichte Réckgang zu zejoert, wou et nach 250 Leit am Mount waren. Ma et sinn der awer nach ëmmer e gutt Stéck méi wéi nach 2016.

AUDIO: D'Situatioun vum OLAI/Reportage Claudia Kollwelter

Den OLAI huet momentan 65 Flüchtlingsstrukturen uechtert d'Land. Eng Partie dovu mussen allerdéngs zou gemaach ginn, wëll de Kontrakt ausleeft oder well d'Gebai muss renovéiert ginn, wéi de Site an der Weilerbaach, dee schonn zou ass, an nach am Laf vun dësem Joer seng Dieren erëm soll opmaachen. Donieft sinn awer och eng Partie nei Strukture geplangt, zum Beispill zu Esch. Wéini genee déi nei Strukture sollen opgoen, ass allerdéngs nach net gewosst. Dem OLAI no brauch een awer och nei Strukturen, wëll déi vum Komfort hier einfach eppes aneres sinn, wéi déi al Gebaier, déi renovéiert ginn. An den neie Gebailechkeete besteet ëmmer d'Méiglechkeet, datt d'Leit selwer kenne kachen. Op anere Sitten ass dat net de Fall, do gëtt d'Iessen geliwwert.

De Moment ass zwar Sputt an de Strukturen, ma et muss een awer domat rechnen, datt an den nächste Méint erëm méi Flüchtlingen op Lëtzebuerg kommen. Wärend am Februar zejoert, nach ronn 3.000 Persounen a Flüchtlingsstrukture vum OLAI gewunnt hunn, ass de Chiffer zanter Hierscht zejoert op 2.600 erof gaangen an huet sech och stabiliséiert. Iwwer 50 Prozent vun de Leit hunn de Flüchtlingsstatut. An de Strukture si Leit aus méi oder manner 70 Nationalitéiten, déi meescht dovunner kommen aus Syrien, dem Irak, Erithrea an Afghanistan.

Zuelen am Mee konstant

D'Zuel vun de Leit, déi hei am Land eng Asyl-Demande stellen, bleift konstant: am Mee waren et 139 där Demanden. Iwwert déi éischt 5 Méint vum Joer gekuckt sinn et genee 700 Demanden.

D'lescht Joer waren an dëser Period scho bal 1.100 esou Demanden gestallt ginn. Déi meescht Persounen, déi am Mee ëm Asyl gefrot hunn, kommen aus Mazedonien, Afghanistan, Syrien, dem Irak an Erithrea.