Osten: DP verléiert 1 Sëtz, ADR kritt 1 bäi

D'CSV verléiert par rapport zu der leschter Ëmfro 4 Prozent, bleift awer stäerkste Partei a kritt 3 Sëtz. DP, LSAP, Gréng an ADR allkéiers 1.
Wann elo Wale wieren, géing d'CSV am Osten den Trend no ënne fortsetzen a Plomme loossen, mä d'Vollekspartei bleift awer mat Ofstand nach ëmmer déi stäerkste Partei an deem Bezierk. D'DP géing donieft hiren zweete Sëtz am Osten zu Gonschte vun der ADR verléieren.
Dat geet aus der aktueller Sonndesfro am Politmonitor vun TNS-Ilres, am Optrag vu RTL an dem Lëtzebuerger Wort, ervir.
Vun e Méindeg u presentéiere mir Iech déi ganz Woch iwwer all Owend d'Stëmmung aus de 4 Wal-Bezierker. Ugefaange mam Osten, wou 7 Sëtz an der Chamber ze fëlle sinn. En Dënschdeg ass den Norden drun, e Mëttwoch den Zentrum an en Donneschdeg de Süden respektiv déi ganz Sëtzverdeelung an der Chamber. E Freideg schwätze mer dann nach iwwer méiglech an iwwer gewëschte Koalitiounen.
Ee Sëtz vun DP un ADR
Wann elo Wale wieren, géif d'DP, wéi gesot, hiren zweete Sëtz am Osten zu Gonschte vun der ADR verléieren.

Der Logik vun de leschte Wahlen no wär domadder de liberalen Deputéierte Gilles Baum net méi an der Chamber vertrueden, ma just nach de Munnerefer Buergermeeschter Lex Delles um eenzegen DP-Sëtz. Dat kéint natierlech och den Effekt si vun der Ex-Kultur- a Logementsministesch Maggy Nagel, déi 2013 nach mat enge 7.100 Stëmmen däitlech op der éischter Plaz war a ganz vill Stëmme fir déi Blo gesammelt hat.
De Roby Mehlen vun der ADR géing mat den aktuelle Sondagewäerter doduerch nees säi Sëtz am Parlament zeréckkréien, deen hien 2009 verluer hat - och dëst Joer geet dee Politiker jo nees als zweete Spëtzekandidat mat an d'Course.

D'Stëmmung dréint
Mat der aktueller Stëmmung am Oste géing d'CSV par Rapport zum Politmonitor vum Dezember zejoert, den Ament 4 Prozentpunkte verléieren an och d'ADR, déi am Vertraue jo allgemeng an den Ëmfroen zougeluecht huet an am Dezember nach e ganz gudde Score hat, géing 2,5 Prozentpunkte verléieren.

Déi Lénk géifen dofir awer mat 3,5 Prozentpunkten zouhuelen.
Dat Bild ännert sech dann awer nees, wann een d'Stëmmung elo am Juni vergläicht mat där vun de Walen am Oktober 2013. Do verléiert dann d'LSAP, nämlech 3 Prozentpunkten a kënnt just nach op 11,6%.
Déi Lénk wannen dogéint 3,2 Punkten. Do kéint een natierlech interpretéieren, dass d'Sozialisten de Leit am Oste politesch net méi genuch d'Iddie vun der "Gauche" vertrieden an dofir bei déi Lénk wiesselen. Een interessante Mouvement, erkläert de Luc Biever vun TNS-Ilres.
Am Oste brauch een iwwregens ronn 14 Prozent vun de Stëmmen fir e Sëtz ze kréien.
Methodologie
Fir dëse Politmonitor huet TNS-Ilres am Ganzen 3.521 wahlberechtegt Persounen, dovunner 476 am Bezierk Osten, wärend 6 Méint, iwwer Telefon an online gefrot, wéi eng Partei si wiele géingen, wann den nächste Sonndeg Wale wieren. Doduerch spigelen d'Resultater een laangfristege Stëmmungstrend erëm an net just den aktuelle Moment, wou gefrot gëtt.
PDF: Politmonitor Sonndesfro (1/5): Osten.
Politmonitor Juni 2018
RTL-NEWS: VIDEO - Politmonitor 1/2: D'Vertrauen an d'Regierungsparteie wiisst
RTL-NEWS: Politmonitor 2/2: Asselborn weider virun Di Bartolomeo a Bettel