Nieft der Strooss tëscht Bäerdref a Beefort ass och den CR128 tëscht Haler a Beefort duerch de ville Ree komplett zerstéiert ginn.

Nom ausseruerdentlech ville Reen an der Nuecht op den 1. Juni waren eng ganz Rei Stroossen, haaptsächlech am Kanton Iechternach, staark beschiedegt ginn, esou dass een de Moment net kann driwwer fueren. An enger parlamentarescher Fro hat sech den DP-Deputéierte Gilles Baum Suergen iwwert den Tourismus an der Regioun gemaacht an d'Sécherheet vun de Bierger hannerfrot. E Freideg huet den Infrastrukturminister François Bausch geäntwert, de Ben Frin huet mat him geschwat.

AUDIO: Stroosse ronderëm Bäerdref: Reportage Ben Frin

D'Ponts et Chaussées hunn de Moment genuch ze dinn, eng gutt Handvoll Stroosse si beschiedegt bis komplett zerstéiert, nach besteet op ville Plazen de Risk, dass Buedem norëtscht, an een de Moment nach net weess, wéini d'Stroossen nees stabil sinn.

De gréissten Deel vun de Reparatur-Aarbechte soll nom Infrastrukturminister Bausch tëscht Juli a September gemaacht sinn, zwou Stroossen huet et awer besonnescht schlëmm erwëscht:

- Den CR364 Richtung Bäerdref wier op enger Plaz komplett ewechgespullt ginn, do géif et quasi keng Strooss méi ginn an dat an engem sensibele Gebitt mat ville Quellen a wou et net einfach wier ze bauen.

- An um CR128 wier en Ouvrage komplett zerstéiert ginn, dee misst nei opgebaut ginn.

RTL

Futti: den CR128. / © Domingos Oliveira

Op dësen zwou Plaze wäerten d'Aarbechte wuel 1 Joer laang daueren. Et géif awer alles gemaacht ginn, fir séier mat den Aarbechte virunzekommen, zum Beispill am Congé collectif schaffen, d'Regierung hätt all néideg Servicer a finanziell Mëttele mobiliséiert, fir séier virunzekommen. Et géif also weder um gudde Wëllen nach un de Suen hänken - et misst ee sech awer bewosst sinn, datt gebaut misst ginn, esou de Minister.

RTL

De Rettungsdéngscht an de betraffene Regioune wier weider assuréiert. Vill Leit an och Schülertransporter missten awer desagreabel Ëmweeër a Kaf huelen an och den Tourismus an der Regioun wäert wuel ënner de Konditioune leiden. Well weder d'Ponts & Chaussées, nach de Minister kéinten do elo e Wonner geschéie loossen, esou de François Bausch, et misst ee sech éischter Froe stellen iwwer esou extrem Wiederkonditiounen - Stéchwuert Buedemversigelung an esou weider, alles géif do matspillen, ma direkt kéint een do näischt maachen, esou dramatesch wéi et och wier.

An der nächster Woch ass och eng Reunioun geplangt, fir de betraffene Gemengen all weider noutwendeg Informatiounen ze ginn.

RTL