E blo-rout-grénge Projet wier kaum nach ze erkennen. Am Contraire seet den Alex Bodry, d’Ënnerscheeder vun den 3 Parteie géifen ëmmer méi däitlech ginn.

Dës dach e bëssen iwwerraschend Ausso mécht den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry, an engem Interview mat der Noriichte-Plattform "Reporter".

An de leschte Joren wier e grousse Reform-Pak ëmgesat ginn, sou wéi ee sech dat am Koalitiouns-Accord  2013 och virgeholl hat. Momentan awer géif ee mierken, dass ee keng richteg Koalitioun méi ass, mä dass all Partei nees am Virwahlkampf e bëssen no sech selwer kuckt. E gemeinsame Projet wier kaum nach ze erkennen. Am Contraire seet den Alex Bodry, d’Ënnerscheeder vun den 3 Parteien géifen ëmmer méi däitlech ginn.

Allerdéngs wier et fir den Alex Bodry och kloer, dass sech schonn iwwert Joerzéngten ewech gewisen hätt, dass vun der Programmatik hier, déi Gréng an d’LSAP sech am nooste géife leien. Eng gemeinsam Beweegung oder op d’mannst en Openeen-ofstëmmen tëscht Rout a Gréng gesäit de sozialistesche Fraktiounschef dohier als eng Méiglechkeet un, déi duerchaus géif Sënn maachen. Mat der DP wier esou eng Collaboratioun beispillsweis net méiglech, well do ze grouss wirtschafts- a sozialpolitesch Divergenzen géifen openeen treffen. Als Beispill huet den Alex Bodry an dem Punkt ënnert anerem d'Steierpolitik genannt.

Eent vun den Ziler wier aus de Wale gestäerkt ervirzegoen. Wann en déi aktuell Sëtz kéint verdeedegen, wier eng Regierungsbedeelegung wahrscheinlech, sou den LSAP-Fraktiounschef. Eng sozialistesch Partei mat 13 oder méi Sëtz kéint ee bei der Formatioun vun enger Koalitioun net ignoréieren. Sollt d'LSAP dës Wale verléieren, deemno 11 oder manner Mandater kréien, recommandéiert den Alex Bodry senger Partei an d'Oppositioun ze goen.

Reaktioune sinn net ausbliwwen

Op esou konkret Aussoen en Vue vun de Walen am Oktober, ginn et natierlech och ganz séier Reaktiounen. De gréngen Nohaltegkeetsminister François Bausch huet sech op Twitter iwwer déi Zitat „Erstaunlech Aussoen“ gewonnert, déi an der leschter Zäit vu verschiddene politesche Vertrieder an Zesummenhang mam 14. Oktober gemaach goufen.

Dat ganzt parteipolitesch Geplänkel, géing d'DP den Ament net interesséieren, déi Liberal setzen op Inhalter. Dat sot d'Parteipresidentin Corinne Cahen op Nofro hin. Et hätt een déi lescht Jore vill ëmgesat an et géing och nach vill ze maache ginn. Fir d'DP géing de Programm zielen, et wär wichteg, dass een eng Politik mécht fir d'Leit am Land. Dat hätt een déi lescht 5 Joer gewisen an dat géing een déi nächst 5 Joer weisen, sou d'Corinne Cahen.

AUDIO: D'Corinne Cahen (Extrait1)

De LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry hat jo och gesot, dass sech vun der Programmatik hier, déi Gréng an d’LSAP am nooste géinge leien, mat der DP géingen et ze vill wirtschaftlech- a sozialpolitesch Divergenze  ginn, zum Beispill a punkto Steierpolitik. Dat léisst déi blo Parteipresidentin awer net esou stoen, déi Liberal géingen nämlech eng ganz sozial Politik maachen.

AUDIO: D'Corinne Cahen (Extrait2)

D'DP mat hirem Finanzminister Pierre Gramegna hätt déi gerechteste Steierreform gemaach, déi jee gemaach ginn ass. Et hätt een d'Steierkredit bei de Monoparentauxen verduebelt, et hätt de Leit méi Kafkraaft zeréckginn. Wann et dem Land gutt geet, misst een dat och kënne maachen. Dofir wär d'DP ganz kloer déi Partei, déi fir Steiergerechtegkeet steet a wäert dofir och weider steierpolitesch Propositiounen an hirem Walprogramm maachen, esou nach d'Corinne Cahen.