A3 nees op: Police huet blockéiert Gefierer missen degagéieren
D'A3 stoung um Méindeg deels ënner Waasser. Automobiliste haten Demi-Tour op dem Gaasperecher Kräiz gemaach, dëst ass geféierlech a verbueden.
Tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem gouf d'Diddelenger Autobunn Richtung Frankräich zougemaach. Aus deem Grond hu vill Automobilisten, déi net waarde wollten, do Demi-Tour gemaach a sinn de falsche Wee zeréckgefuer. Dëst ass net nëmme geféierlech, mä och nach strikt verbueden.
Um 19.15 Auer huet d'Police ugefaangen, all blockéiert Gefierer vun der A3 erofzeleeden. All Accèse vun der A1 an der A6 op d'A3 goufen derfir een Ament gespaart. Um 20.30 Auer war eng Bunn op. D'Opraumaarbechte waren awer nach am Gaang. Um 22 Auer war d'Diddelenger Autobunn Richtung Frankräich nees op.
Och op villen anere Plazen am Land, grad am Süden, koum et zu Iwwerschwemmungen, dat ënnert anerem am Beräich vu Suessem, Esch an Déifferdeng. Grad am Raum Suessem sinn an enger Stonn bis zu 75 Liter de Meter Carré gefall, dëst ass méi, wéi soss an engem Mount.

An der Stad goung um 18 Auer net méi vill. / © Mike Gordon
Hei de Post vum Hotel Cigalon iwwer den Ausmoss vun de Schied
Alleng tëscht 15 a 16 Auer um Méindeg de Mëtteg kruten d'Leit vum 112 bal 500 Appeller eran.
Bannent zwou Stonne hunn d'Sekuriste 350 Mol missen intervenéiere wéinst iwwerschwemmte Stroossen a Kelleren. Déifferdeng, Réiser a Monnerech waren am meeschte betraff. Zum Gléck gouf et keng Blesséierter.
Wéi d'Autoritéite matdeelen, wäert de Pegel vun der Uelzecht op verschiddene Plazen, dorënner Hesper an am Pafendall, iwwert de Cote de vigilance klammen, ouni awer de Cote d'alerte z'erreechen. Zu Miersch an zu Ettelbréck gëtt de Cote de vigilance net erreecht, fir d'Sauer gëtt den Héichpunkt en Dënschdeg géint Mëtteg erwaart, dat mat 300 cm zu Dikrech an 220 zu Bollendorf. Dono sollen d'Peegelen awer nees falen.
PDF: De Communiqué vun der Administration de la gestion de l'eau

Héichwaasser zu Nidderpallen. / © Eric Heimermann
An de leschten Deeg a Wochen bleift de Grand-Duché net verschount vun ëmmer nees Stuermwarnungen mat deels ganz kräftege Reeschaueren. Iwwerschwemmungen sinn net ausbliwwen, besonnesch betraff och nees de Mëllerdall an d'Ëmgéigend.
D'Wolleke ware plazeweis awer scho méi séier komm, wéi annoncéiert. Kuerz viru 14 Auer gouf et am Süde vum Land schonn éischt Donnerwieder, déi an Direktioun Nordosten zéien.
RTL NEWS: Süde vum Land um Sonndeg den Owend méi uerg vu Wiedere betraff
D'Detailer och op der Kaart vu Kachelmannwetter.
Interview mam Sandra Bertholet
"Villes vun deem, wat mir gefléckt haten, ass de Weekend iwwer erëm futti gaangen.", sot d'Sandra Bertholet. Si ass d'Cheffin vum ORT Mëllerdall an huet, no dem zweete katastrofal reenege Weekend am Mëllerdall, mam Nico Graf iwwer d'Situatioun do geschwat.
Hien huet nogefrot, wéi et nom zweeten décke Coup am Mëllerdall ausgesäit. D'Sandra Bertholet huet ënnerstrach, dass een déi lescht Woch op Héichtoure geschafft hätt, fir alternativ Weeër nees op ze kréien a fir de Leit Alternative kënnen unzebidden. Villes, wat een awer nees opgeriicht kritt hätt, wier nom zweete Coup am Mëllerdall nees zerstéiert ginn, ma si géinge sech net ënnerkréie loossen.
D'Cheffin vum ORT Mëllerdall weist awer och drop hin, dass et Leit ginn, déi sech net drun halen, dass verschidde Weeër gespaart sinn, well et ze geféierlech wier, do ze trëppelen. D'Sandra Bertholet biet d'Leit, esou Saachen ze ënnerloossen.
Bei den Hotelieren, Campingbedreiwer a Restaurateuren am Mëllerdall gesäit et esou aus, datt et der gëtt, déi resignéieren, an anerer rappen elo grad un, seet d'Cheffin vum lokalen Tourissem-Office.
Wetterbericht für RTL Lëtzebuerg
Am Mittwoch ist es mit der schwülwarmen Wetterlage samt den Unwettern vorbei. Ein Kaltfront vom Nordwesten überquert uns langsam und bringt deutlich frischere Luftmassen vom Atlantik zu uns ins Großherzogtum. In weiterer Folge beruhigt sich wieder die Wetterlage und ein schwaches Hoch über Frankreich bringt uns mehr Sonne.
Sonderinfo: Am frühen Nachmittags sind im Südwesten des Landes durch teils heftige Gewitter stellenweise zwischen 50 und 75 l/m² gefallen. Dazu hat es schon etliche Überflutungen gegeben.
Jetzt:
Derzeit ist es überwiegend bewölkt und immer wieder fällt Regen, vereinzelt mit Blitz und Donner. Die Temperaturen liegen zwischen 16 Grad in Reud und bei 20 Grad in Waasserbelleg.
Heute
Am Abend geht es überwiegend bewölkt und nass weiter. Stellenweise ist noch mit teils kräftigen Gewittern zu rechnen. In der Nacht zum Dienstag klingen die Gewitter ab und es bleibt trüb mit zeitweiligem Regen und ein paar kräftigeren Schauern. Die Temperaturen sinken auf 16 bis 13 Grad.
Der Dienstag bringt und ganztags viele Wolken und zeitweiligen Regen mit ein paar kräftigeren Schauern. Nur vereinzelt kommt es zu Auflockerungen. Die Temperaturen steigen auf 14 bis 17 Grad.
Aussichten:
Am Mittwochmorgen erfrischende 10 Grad. Tagsüber Sonne und Wolken im Wechsel und es bleibt meist trocken bei nicht mehr schwülen 15 bis 18 Grad.
Am Donnerstag weiterhin trocken, dabei mehr Sonnenschein und weniger Wolken sowie Temperaturen von 16 bis 19 Grad
Am Freitag erneut trocken mit Sonne und Wolken. Tagsüber meist trocken und 20 bis 23 Grad.
Am Samstag wahrscheinlich heiter mit viel Sonne und nur ein paar Quellwolken bei bis zu 24 Grad.
Wéi gesäit d'Wiederlag bei Iech aus? Schéckt eis Är Fotoen a Videoen, mat dem Zousaz, wou Dir se opgeholl hutt, op foto@rtl.lu - Mir hoffen, Dir kommt gutt derduerch!