Appell u Politik: Brauche stationär Plaz fir jonk Suchtkranker
"Suchtverband-Lëtzebuerg“ ass eng Asbl aus 10 Organisatiounen, déi Leit mat Suchtproblemer hëllefen.
Beroder ginn ze bedenken: Grad fir jonk Leit, déi duerch familiär Ëmstänn oder schwiereg Schoulparcoursen engem Rauschmëttel verfall sinn, feelt et u Lëtzebuerg u stationäre Strukturen.
Op douce Rauschmëttel oder haart Drogen, et ass de Risk vun enger Suchtspiral. Fir datt Jonker tëscht 13 an 21 Joer eng Dependance iwwerwannen, bitt d'Berodungsstell "Impuls" Hëllef. Zënter Ufank vum Joer sinn 350 Jonker hei am Stater Garer Quartier laanschtkomm. Beroder stellen awer fest: Zu Lëtzebuerg gëtt et fir akut Krisen, Opnam-Méiglechkeeten an engem Spidol, mee dat gräift ze kuerz: sou ass et en Appell un d'Politik fir eng stationär Plaz, wou Jonker therapeutesch méi laang en Charge geholl ginn.
Fir de Moment ginn et Programmer, bei deenen Mineuren a Volljäreger fir e puer Wochen am d'Ausland betreit ginn. Mee insgesamt läit d'Erausfuerderung doranner, dat Betraffener mëttelfristeg eng Formatioun oder Aarbecht hunn. An dofir brauch ee Stabilitéit mat enger Wunneng.
De Suchtverband wëll elo grad verstäerkt virun de Wale Politiker op seng Recommandatiounen opmierksam maachen. An hofft, datt seng Erwaardungen an de Parteiprogrammer opgeholl ginn.