Zentrum: CSV an ADR kréie Sëtz vun LSAP an DP

D'CSV kéim am Zentrum op ganzer 9 Sëtz, dat ass 1 méi wéi 2013, ma am Verglach zum leschte Politmonitor verléiert d'Partei awer un Zousproch.
Am Zentrum ginn et, wat d'Stëmmung elo am Juni ugeet, am Verglach zu de Walen 2013, ganz däitlech 2 Perdanten, d'LSAP an d'DP, an ee Gewënner d'ADR, wann een d'Prozenter vun de Stëmme kuckt.
Dat geet ervir aus der rezenter Sonndesfro vum TNS-Ilres Politmonitor am Optrag vu RTL a Lëtzebuerger Wort.
Am Verglach mam Dezember zejoert, gesäit dat awer nach anescht aus: Do bleiwen eng DP mat +0,1 an eng LSAP mat -0,7 Prozentpunkten nämlech stabel. Dës Variatioune falen ënnert d'Feelerquoten a ginn dowéinst net consideréiert.
Et gëtt awer och ganz däitlech Mouvementer, zum Beispill bei der CSV, déi am Zentrum 3,6 Prozentpunkte vun de Stëmme géing abéissen, erkläert de Luc Biever vun TNS-Ilres. Klore Gewënner wär d'ADR mat 3,3 Punkte méi wéi am Dezember zejoert.

Wann een d'Stëmmung vun deenen 987 gefrote Leit elo am Juni kuckt, par Rapport zu de Walen am Oktober 2013, kritt een en ähnlecht Bild wéi am Norden. D'DP géing 4,4, d'LSAP 2,9 Punkte verléieren an d'ADR géing 3,6 Prozentpunkte wannen.
Och an de Sëtz e Verloscht fir d'DP an d'LSAP - allkéiers minus 1.

Am Zentrum mussen 21 Deputéiert gewielt ginn a fir ee Sëtz brauch ee ronn 4,7 Prozent. Zwou Regierungsparteie géinge verléieren, d'DP an d'LSAP. Dovunner profitéiere géingen d'ADR an d'CSV.
D'DP géing vun 6 op 5 Sëtz falen. Wann een dëse Verloscht vun der DP op d'Wale vun 2013 projezéiert, dann hätt dat geheescht, dass den Deputéierten a Gemengeconseiller vun Hesper Claude Lamberty net an d'Chamber komm wär. De Gemengeconseiller vun Hesper war nieft der Joëlle Elvinger an d'Chamber erakomm, well de Xavier Bettel an d'Corinne Cahen an d'Regierung gaangen an deemno Plaze fräi gemaach hunn.
D'Sozialiste géinge vun 3 op 2 Sëtz falen. Dat hätt 2013 geheescht, dass d'Cécile Hemmen net an d'Chamber komm wär. Si war 2013 Véiertgewielt an ass erakomm, well den Etienne Schneider als Éischtgewielten an d'Regierung goung.
ADR an CSV als Gewënner am Zentrum
D'ADR géing vun engem op zwee Sëtz klammen an dovunner profitéiert hätt d'Marceline Goergen.
Bei der CSV hätt der Logik vun de leschte Walen no d'Tessy Scholtes vum zousätzleche Sëtz profitéiert. Ma wéi den Éischtgewielte bei der CSV am Zentrum, den Luc Frieden, decidéiert hat, bei d'Deutsche Bank ze goen, hat d'Tessy Scholtes refuséiert dee Sëtz unzehuelen, amplaz koum déi Zéngtgewielte Martine Mergen.
An amplaz vum Deputéierte Marcel Oberweis réckelt den 30. Juni jo d'Claudine Konsbruck an d'Chamber no.

Methodologie
Zanter e Méindeg an nach déi ganz Woch iwwer presentéiere mir Iech all Owend d'Stëmmung aus de 4 Wal-Bezierker. Ugefaangen e Méindeg mam Osten, en Dënschdeg dunn den Norden an elo hei den Zentrum. En Donneschdeg ass de Süden respektiv déi ganz Sëtzverdeelung an der Chamber drun. E Freideg schwätze mer dann nach iwwer méiglech an iwwer gewëschte Koalitiounen.
Fir dëse Politmonitor huet TNS-Ilres am Ganzen 3.521 wahlberechtegt Persounen, dovunner 987 am Bezierk Zentrum, wärend 6 Méint, iwwer Telefon an online gefrot, wéi eng Partei si wiele géingen, wann den nächste Sonndeg Wale wieren. Doduerch spigelen d'Resultater een laangfristege Stëmmungstrend erëm an net just den aktuelle Moment, wou gefrot gëtt.
PDF: Politmonitor Sonndesfro (3/5): Zentrum.
Politmonitor mat Sonndesfro Juni 2018
RTL-NEWS: Politmonitor Sonndesfro (2/5) - Norden: LSAP verléiert 1 Sëtz an CSV kritt 1 bäi.
RTL-NEWS: Politmonitor Sonndesfro (1/5) - Osten: DP verléiert 1 Sëtz, ADR kritt 1 bäi.
RTL-NEWS: Politmonitor 1/2: D'Vertrauen an d'Regierungsparteie wiisst
RTL-NEWS: Politmonitor 2/2: Asselborn weider virun Di Bartolomeo a Bettel