Süden: LSAP-Hämorrhagie, Blo verléiert och; CSV, Lénk a Gréng +1 Sëtz

No der Ëmfro an de 4 Bezierker ass kloer: DP an LSAP grouss Verléierer, CSV an ADR grouss Gewënner - wann een d'Resultater mat deene vun 2013 vergläicht.
Well wann een d'Sëtzverdeelung am ganze Land elo am Juni 2018 vergläicht mat den Nei-Walen 2013, da falen d'Sozialiste fir d'éischte Kéier an hirer Geschicht op ënner 10 Sëtz an der Chamber. D'LSAP géing 4 Sëtz verléieren an just nach op 9 Deputéiert kommen, also eestelleg ginn. D'Halschent deemno vun de Sëtz, déi d'LSAP virun 30 Joer, 1989, nach hat. Den zweete grousse Verléierer landeswäit ass d'DP, déi 3 Sëtz géif verléieren an op 10 kéim. Dovunner profitéiere géif d'CSV, déi 3 Sëtz bäi kréich an op 26 Deputéiert kéim, d'ADR, déi mat +2 Sëtz op 5 Mandatairë géife kommen an sou nees Fraktiounsstäerkt erreeche géifen, déi een no de Walen 2009 verluer hat, an och déi Lénk kréichen ee Sëtz bäi a géifen op 3 Deputéiert kommen.
Alles an allem also kéim d'Gambia-Koalitioun dëser Editioun vun der Sonndesfro no op nëmmen nach 26 Sëtz.
E Bléck op de Bezierk Süden
Wann een d'Stëmmung elo am Juni bei den 1.411 Leit, déi fir dës Enquête am Süde sondéiert goufen, vergläicht mat där vun de virgezunnene Walen am Oktober 2013, da gesäit ee vill Mouvementer ënnert de Parteien. De grousse Verléierer am Süden ass d'LSAP, déi 5,3 Prozentpunkte verléiert a just nach op 19,9 Prozent kënnt. Domadder géif si ee Fënneftel vun de Stëmme verléieren. Donieft géing d'DP 2,2 Punkten am Süde verléieren. Déi Gréng, d'CSV, déi Lénk an d'ADR géinge bäileeën.

De Süden huet 23 Sëtz an der Chamber ze gutt an et brauch ee 4,3 Prozent vun de Stëmmen, fir ee Sëtz ze kréien. An och do gëtt et vill Beweegung. Déi zwou Regierungsparteien LSAP an DP géinge verléieren. D'LSAP géing genee wéi am Sondage de leschten Dezember 2 Sëtz verléieren, d'DP géing vun 3 op 2 Sëtz falen.
D'Gewënner am Süden bei de Sëtz wären d'CSV mat +1, déi Gréng mat +1 an déi Lénk mat +1 Sëtz.

A punkto Käpp géing dat am Verglach mat de Walen 2013 heeschen, dass de Roger Negri net fir d'Sozialisten an d'Chamber komm wär. Hie war jo deemools nogerutscht, fir den Dan Kersch ze remplacéieren, deen an d'Regierung koum.
Bei der DP hätt de Verloscht vum 3. Sëtz am Süde geheescht, dass de Max Hahn net an d'Chamber nogerutscht wär, fir de Minister Claude Meisch z'ersetzen.
Bei de Gréngen hätt de Martin Kox, Schäffen an der Gemeng Esch, vum zousätzleche Sëtz profitéiert, bei déi Lénk d'Patrizia Arendt an bei der CSV déi aktuell Schäffin an der Gemeng Beetebuerg Christine Doerner.
Laangfristegen Negativ-Trend fir d'LSAP
An der Sonndesfro gëtt jo e laangfristegen Trend gemooss an deen ass, iwwert dat ganzt Land gekuckt, negativ fir d'LSAP, trotz de positive Resultater vum Politmonitor d'lescht Woch fir sozialistesch Politiker wéi Asselborn, Di Bartolomeo, Kersch, Closener a Schmit.

D'LSAP géing landeswäit just nach op 9 Sëtz kommen. Déi zweet Regierungspartei, déi verléiert, ass d'DP mat am Ganze Minus 3 Sëtz. Déi Gréng gewannen 1, d'CSV 3, d'ADR 2 an déi Lénk 1 - national gesinn.
Deemno géingen déi 3 Regierungsparteien zesummen op 26 Sëtz kommen, genee sou vill wéi d'CSV eleng u Sëtz erreecht. Dofir géingen den Ament d'Stëmmung net duerno ausgesinn, wéi wann d'Regierungskoalitioun no de Walen am Oktober weiderhi Bestand hätt, sou de Luc Biever vun TNS-Ilres.
4 Choixe fir déi stäerkst Partei
Déi stäerkst Partei mat 26 Sëtz bleift d'CSV, déi mat dësem Sondage 4 Choixen hätt. Eng Koalitioun mat der ADR géing op 31 Sëtz kommen, mat de Gréngen op 33 Sëtz, wat der laangjäreger Regierungspartei 2013 nach ze knapp war, fir ze regéieren, mat de Bloe wären et 36 Sëtz - déi komfortabelst Majoritéit - a mat der LSAP 35 Sëtz. Do misst een dann awer natierlech e Kompromëss agoen, fir mat de gréisste Perdanten an eng Regierung ze goen.
Et gëtt op alle Fall ëmmer méi däitlech, dass sech och zu Lëtzebuerg deen nämmlechten Trend wéi am Ausland bemierkbar mécht. Et gesäit een nämlech, dass sech déi Lëtzebuerger Parteielandschaft ëmmer weider opspléckt.
Methodologie
Vun e Méindeg bis en Donneschdeg hu mir Iech all Owend d'Stëmmung aus de 4 Wal-Bezierker presentéiert. Ugefaangen e Méindeg mam Osten, en Dënschdeg dunn den Norden, e Mëttwoch den Zentrum an hei elo de Süden - zesumme mam nationale Bild natierlech. E Freideg schwätze mer dann nach iwwer méiglech an iwwer gewëschte Koalitiounen a ginn nach eemol op d'Sëtzverdeelung an der Chamber an.
Fir dëse Politmonitor huet TNS-Ilres am Ganzen 3.521 wahlberechtegt Persounen, dovunner 1.411 am Bezierk Süden, wärend 6 Méint, iwwer Telefon an online gefrot, wéi eng Partei si wiele géingen, wann den nächste Sonndeg Wale wieren. Doduerch spigelen d'Resultater een laangfristege Stëmmungstrend erëm an net just den aktuelle Moment, wou gefrot gëtt.
PDF: Politmonitor Sonndesfro (4/5): Süden.
Politmonitor mat Sonndesfro Juni 2018
RTL-NEWS: Politmonitor Sonndesfro (3/5) - Zentrum: CSV an ADR kréie Sëtz vun LSAP an DP.
RTL-NEWS: Politmonitor Sonndesfro (2/5) - Norden: LSAP verléiert 1 Sëtz an CSV kritt 1 bäi.
RTL-NEWS: Politmonitor Sonndesfro (1/5) - Osten: DP verléiert 1 Sëtz, ADR kritt 1 bäi.
RTL-NEWS: Politmonitor 1/2: D'Vertrauen an d'Regierungsparteie wiisst
RTL-NEWS: Politmonitor 2/2: Asselborn weider virun Di Bartolomeo a Bettel