CSV/Déi Gréng meeschterwaarten a meeschtgewënschte Koalitioun

De Resultater aus der Politmonitor-Ëmfro no kéim eng CSV/Déi Gréng-Koalitioun op 33 Sëtz. Blo-Rout-Gréng hätt just nach 26 Sëtz.
CSV/Déi Gréng - dës Koalitioun wënschen an erwaarde sech déi meeschte Leit no den nächste Chamberswahlen am Hierscht 2018. Dat geet aus der Sonndesfro am Politmonitor ervir, déi vun TNS-Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort gestallt gouf.
De Resultater aus der Politmonitor-Ëmfro no kéim eng CSV/Gréng-Koalitioun op 33 Sëtz. D'aktuell Gambia-Regierung hätt dësem Sondage no jo keng Majoritéit méi a léich nach bei 26 Deputéiert. Blo a Rout géife stramm Sëtzer abéissen, iwwerdeem déi Gréng een Deputéierten bäikréichen.

Wat d'Wonschkoalitioun vun de ronn 3.500 Leit, déi gefrot goufen, ugeet, do stécht kloer eraus, dass ënnert den éischte 4 gewënschte Koalitiounen 3 Mol d'CSV vertrueden ass. "CSV/Déi Gréng" sinn onverännert op der 1. Plaz a leeë souguer 2 Prozentpunkten zou, par Rapport zum Dezember zejoert.
Op 2. Plaz kënnt déi aktuell Gambia-Koalitioun mat plus engem Prozentpunkt op 13 Prozent an op 3. Plaz eng CSV/DP-Koalitioun mat -1 Punkt op 11 Prozent.

Erwaardung vs Wonsch
Dat eent ass de Wonsch, deen d'Wieler an der Theorie hunn, dat anert d'Praxis wat si sech reell erwaarden. An do gëtt et e kloert Bild, wéi den Tommy Klein vun TNS-Ilres erkläert. Méi wei 2/3 vun de Leit erwaarde sech, dass d'CSV wäert Deel vun der nächster Regierungskoalitioun sinn. CSV/Déi Gréng leeën däitlech ëm 7 Prozentpunkten zou a komme mat 33 Prozent op déi 1. Plaz, wann een d'Leit freet, wat si sech erwaarden, wann den nächste Sonndeg géing gewielt ginn.
CSV/DP ass mat 16 Prozent op der zweeter Plaz, CSV/LSAP verléiert 3 Punkten an ass op 3. Plaz. Trotz der positiver Stëmmung a méi Vertrauen an déi blo-rout-gréng Regierung kënnt eréischt op der 4. Plaz d'Regierungskoalitioun, déi souguer 1 Punkt verléiert.
Wat denken d'Stammwieler?
Ganz interessant ass d'Vue op d'Wonschkoalitioune bei den eenzele Gruppe vu Stammwieler. Besonnesch bei den 3 Regierungsparteie steet op der 1. Plaz ëmmer de Wonsch, dass d'Regierungskoalitioun hir Aarbecht ka weider maachen, an direkt duerno kënnt ëmmer de Wonsch, eng Koalitioun mat der CSV anzegoen. Dat heescht souzesoen "entweder mir maache weider oder ech wënsche mer, dass meng eege Partei mat der CSV zesumme geet", wéi den Tommy Klein vun TNS-Ilres resuméiert.
Bei den CSV-Wieler ass eng schwaarz-gréng Koalitioun weiderhin op der 1. Plaz a leet souguer ëm 10 Punkten zou.
D'Erwaardunge vun de Stammwieler sinn nach méi kloer wéi d'Wënsch. Bei de Gréngen, der CSV an der LSAP steet op éischter Plaz vun den erwaarte Koalitiounen eng Regierung aus "CSV/Déi Gréng", bei de Leit, déi e Sonndeg géingen d'DP stäerken, ass et d'CSV/DP. Deemno gesäit de Gros vun de Stammwieler déi eege Partei am beschte mat der CSV, och d'Gambia-Regierungsparteien, just d'Sozialiste weise sech resignéiert. Si sinn déi eenzeg, déi als Haapterwaardung net déi eege Partei an der Regierungskoalitioun gesinn.
Bei de Stammwieler vun de Gréngen an der CSV stëmmt d'Erwaardung och mam Wonsch iwwerteneen. Bei de Grénge gëtt et e Plus vun 10 Punkten a bei der CSV vun 11, par Rapport zum Dezember zejoert, déi sech eng schwaarz-gréng Koalitioun erwaarden. Tëscht deenen zwou Parteie si sech d'Stammwieler deemno eens, a wéi eng Richtung et ze goen huet.

Methodologie
Vun e Méindeg bis en Donneschdeg hu mir Iech all Owend d'Stëmmung aus de 4 Wal-Bezierker presentéiert. Ugefaangen e Méindeg mam Osten, en Dënschdeg dunn den Norden, e Mëttwoch den Zentrum an en Donneschdeg elo de Süden - zesumme mam nationale Bild natierlech. E Freideg elo geet et iwwer erwaarten an iwwer gewëschte Koalitiounen.
Fir dëse Politmonitor huet TNS-Ilres am Ganzen 3.521 wahlberechtegt Persoune wärend 6 Méint iwwer Telefon an online gefrot, wéi eng Partei si wiele géingen, wann den nächste Sonndeg Wale wieren. Doduerch spigelen d'Resultater een laangfristege Stëmmungstrend erëm an net just den aktuelle Moment, wou gefrot gëtt.
PDF: Politmonitor Sonndesfro (5/5): National a Koalitiounen.
Politmonitor mat Sonndesfro Juni 2018
RTL-NEWS: Politmonitor Sonndesfro (3/5) - Zentrum: CSV an ADR kréie Sëtz vun LSAP an DP.
RTL-NEWS: Politmonitor Sonndesfro (2/5) - Norden: LSAP verléiert 1 Sëtz an CSV kritt 1 bäi.
RTL-NEWS: Politmonitor Sonndesfro (1/5) - Osten: DP verléiert 1 Sëtz, ADR kritt 1 bäi.
RTL-NEWS: Politmonitor 1/2: D'Vertrauen an d'Regierungsparteie wiisst
RTL-NEWS: Politmonitor 2/2: Asselborn weider virun Di Bartolomeo a Bettel