Fir Gespréich a Konfusioun hat e Schëld virum Lift fir an d'Pafendall gesuergt. Et war onkloer, op de Lift den 22. oder den 23. méi laang sollt opbleiwen.

Fir déi eng Leit gouf hei kloer e Feeler gemaach. Ufanks hat e Schëld virum Lift fir an d'Pafendall nämlech ausgesot, dass de Lift den 22. Juni bis 5.45 Auer fiert. Dat géif natierlech kee Sënn erginn, well de Lift ausschliisslech méi laang fiert, well Nationalfeierdag ass a vum 22. Juni op den 23. Juni gefeiert gëtt.

Dofir war et awer fir vill Leit kloer, dass hei gemengt war, dass natierlech de Mueren drop vum 22. Juni gemengt ass an een hei an sech Konfusioune wollt verhënneren.

Mëttlerweil gouf säitens den Autoritéiten awer reagéiert, d'Annonce gouf duerch eng méi verständlech Versioun ersat. En plus gouf en englesch Versioun gemaach, dat fir och deene Leit gerecht ze ginn, déi kee Franséisch schwätzen. De Lift ass also vum 22. Juni bis den 23. Juni ouni Ënnerbriechung op.